Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Animal Kingdom Chaotic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint aktuellen Tracé

Héichspannungsleitung vun der Creos

Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint aktuellen Tracé

D'Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint d'Installatioun vun enger Héichspannungsleitung vun 380kV - also 380.000 Volt - vun der Creos. Deen aktuell geplangten Tracé wier 100 Meter vun den Haiser ewech, an dat wier ze no.

auto_stories

3 min

De Claude Berg ass Matbegrënner vun der Biergerinitiativ.

Lauschterenplay_arrow


D'Biergerinitiativ huet mat der Gemeng Jonglënster eng aner Alternative proposéiert, déi eng minimal Distanz vu 400 Meter géif garantéieren.

De Claude Berg, deen d'Biergerinitiativ mat gegrënnt huet, betount, datt een net géint de Prinzip vun der Leitung wier. Schlussendlech bräicht een ëmmer méi Stroum, dat wier gewosst, betount hien. Problematesch wier den Tracé.

"Dat wou mir dogéint sinn, dat ass, datt se esou no un eisen Haiser kënnt. Aktuell ginn et e puer Varianten, déi um Dësch leien. Eng dovunner mécht eis do ganz vill Suergen, dat ass déi, déi vun der Aasselscheier duerch Amber leeft a Richtung Buerglënster. Deen Tracé bedeit fir eis, datt déi Héichspannungsleitung op manner wéi 100 Meter un Haiser géif erukommen."

Alternativ Proposen zesumme mat der Gemeng Jonglënster

Wéi ee gewuer gi wier, wéi den Tracé vun der Creos-Leitung ugeduecht wier, hätt ee sech mat der Gemeng Jonglënster zesummegesat, fir no Alternativen ze sichen. Déi wieren och am Kader vun der Ëmweltimpaktetüd mat agefloss an analyséiert ginn, präziséiert de Claude Berg.

"Do ware mir der Meenung, datt dat besser Alternative wieren, ewéi déi vun der Creos, well do d'Distanz zu den Haiser respektéiert gëtt. Eng Distanz, déi och vu verschidde Ministère virgeschloe gëtt, dat heescht ee Meter pro Kilovolt, also ongeféier 400 Meter vun den Haiser ewech."

Gesondheetlech Schied wéinst elektromagnéitesch Strale gefaart

Esou eng Héichspannungsleitung wier zwar an enger Landschaft net schéin, mee d'Haaptsuerg vun der Biergerinitiativ si Bedenken iwwert potentiell Gefore fir d'Gesondheet, insistéiert de Claude Berg.

"Well mir scho laangjäreg Erfarung mat der Héichspannungsleitung vun 220 Dausend Volt hunn, fäerte mir ganz einfach - well se ze no bei den Haiser ass - datt d'elektromagnéitesch Felder ze staark sinn. Do ginn et ganz vill Studien doriwwer, iwwer 24.000. Déi eng soen, et mécht guer näischt aus, déi aner soen, et wier eng Katastroph."

Et géing ee feststellen, datt a verschiddene Stroossen zu Amber iwwer 90 Prozent vun de Leit entweeder Kriibs haten oder hunn, a verschiddener dat och net iwwerlieft hunn, seet de Claude Berg.

"Komescherweis ass dat ëmmer an der Ëmgéigend vun der Héichspannungsleitung. Dat kann och Zoufall sinn, ech si kee Wëssenschaftler, ech kann dat net beurteelen. Mee ech mengen dat ass legitim, datt dat eis grouss Suerge mécht."

Weider Schrëtt fir eng besser Léisung méiglech

Et wier een am Dossier am enke Kontakt mat der Gemeng Jonglënster. Et wier een sech och bewosst driwwer, datt Creos eng Léisung bréicht. An der Geneemegungsprozedur hätt ee schonn eng ganz Rei Demarchen ënnerholl, präziséiert de Claude Berg.

"Mir hu Bréiwer un déi eenzel Ministère geschéckt mat eisen Argumenter. Mir waren am Ministère, mir ware bei der Creos. Mir sinn am permanente Kontakt mat der Gemeng. Mir hunn elo an der Prozedur, am Kader vun der ëffentlecher Consultatioun 30 Deeg Zäit fir mat gudden Argumenter eis géint déi Alternativ vun der Creos auszedrécken, wann déi da soll zréckbehale ginn."

Dono kéint et nach eng Kéier 90 Deeg daueren, bis de Ministère eng Decisioun géing treffen. Zum Schluss ass et awer um Bauhär fir ze Bestëmmen, wat fir eng Alternativ gewielt gëtt, seet de Claude Berg.

Als leschte Schratt wier souguer de Gang virun d'Verwaltungsgeriicht eng Méiglechkeet. Mee de Claude Berg hofft awer, datt et net esou wäit komme muss.