Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bierger schwätze mat

Ekologesch a sozial gerecht Transitioun

Bierger schwätze mat

D'Fro vun der sozialer Gerechtegkeet steet am Mëttelpunkt vun den Diskussioune ronderëm d'Klimakris: Dat souwuel global wéi och national. Ronn 60 Leit hu sech op enger rezenter Biergerversammlung zesummefonnt, fir zu dëser Thematik kollaborativ u Léisungsvirschléi ze schaffen. Organiséiert gouf dëst ënner anerem vum Center for Ecological Learning - mam Zil, d'Bierger ze mobiliséieren a sech de komplexe Froe ronderëm Klimagerechtegkeet ze stellen.

auto_stories

3 min

Wéi kreéiert een eng klimaneutral Gesellschaft, déi gläichzäiteg sozial gerecht ass? Dat war d'Fro, déi um Owend vun der Biergerversammlung am Mëttelpunkt stoung. Souwuel d'Verantwortung vum eenzele Bierger, wéi och d'Klimapolitik vun der aktueller Regierung, goufen thematiséiert.

Gewerkschaften, ONGen an och ënnerschiddlech Mouvementer ware mat dobäi fir an de verschiddenen Diskussiounsronne matzewierken.

Den Impakt vun der CO2-Steier

Den Transport gouf vun de Leit als wichteg empfonnt: Dobäi gouf virun allem den Tanktourismus an d'CO2-Steier ervirgehuewen. Wärend den Diskussioune war ee sech awer net ëmmer eens. Verschiddener mengen, datt een zu Lëtzebuerg dacks nach op den Auto ugewise wier, an datt et dowéinst schwiereg wier fir d'Chaufferen ze penaliséieren.

Anerer mengen, datt d'Steieren och déi grouss Entreprisë wéi d'Cargolux oder d'Luxair betreffe sollen. Wann de Spritpräis an d'Luucht geet, da géifen et manner Deplacementer ginn an d'Leit misste sech erëm méi lokal ernären.

Klimafroe sinn och Verdeelungsfroen

Wann een iwwer Klima a Ressourcë schwätzt, dann dréit sech d'Diskussioun dacks ëm eng Verdeelungsfro, sou den Norry Schneider vum Center for Ecological Learning.

"Engersäits beim Klimawandel, si Leit déi hu wéineg zur Saach bäigedroen, déi leide ganz staark dorunner, dat si virun allem Länner aus dem Süden. Ob der anerer Säit ass d'Fro awer och, wien dréit da lo d'Laascht vun de Léisungen."

An dofir mussen d'Leit kënne matschwätzen, well fir datt si bereet sinn eng Laascht matzedroen, musse si och d'Gefill hunn, datt dat gerecht ass. Och wa jiddwereen en Deel matdroe soll, hätt net jiddwereen déi selwecht Kapazitéiten.

Et gi Leit, déi sozial schwaach sinn an déi kënnen net déi selwecht Laascht droen, wéi Leit mat engem méi groussen Akommes, déi vläicht och méi zur Problematik bäigedroen hunn.

D'Bierger mathuelen

D'Fro vu sozialer Gerechtegkeet géif sech a Punkto Klimawandel virun allem ëm d'Zesummespill vu Responsabilitéit a Kapazitéit dréinen, sou den Dietmar Mirkes. Hien ass Expert fir global Klimafroe bei der Lëtzebuerger ONG Action Solidarité Tiers Monde an erkläert, datt d'CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg ronn dräimol méi héich si wéi d'europäesch Moyenne.

Diskutéiert gouf a véier verschiddene Gruppen: als éischt iwwer d'Problematik, dann iwwer méiglech Léisungsvirschléi. An awer gouf et um Enn vum Owend nach vill oppe Froen. Äntwerten ze fanne wier och net d'Prioritéit gewiescht, sou den Norry Schneider.

Vill méi wier et drëms gaangen en Espace ze schaffen, dee fir jiddwer Bierger inklusiv ass an datt op eng kollaborativ Manéier kéint diskutéiert ginn.

Fir d'Komplexitéit vu Klima- a sozialer Gerechtegkeet unzegoen, bräicht een all d'Leit aus der Gesellschaft, sou nach de Responsabele vum CELL. Fir d'Leit weiderhi méi an den Dialog matanzebezéien, wéilt een an Zukunft méi Biergerversammlungen organiséieren.