Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bewosstsi fir d'Waasser als Ressource feelt

D'Drénkwaasser an Zäite vun Dréchent

Bewosstsi fir d'Waasser als Ressource feelt

Dat waarmt Wieder beaflosst d'Drénkwaasserversuergung, soe Vertrieder vun der Waasserverwaltung. Laangfristeg gekuckt hannerléisst de Klimawiessel an deem Beräich awer och méi déifgräifend Spuren, zum Beispill um Niveau vum Grondwaasser.

auto_stories

4 min

D'Drénkwaasser zu Lëtzebuerg kënnt zur Hallschent aus dem Stauséi an zur Hallschent aus Quellen, also dem Grondwaasser. Vun do aus verleeft de Wee bis an de Krunn iwwer d'Reservoire vun de Gemengen an de Waassersyndikater. Bei den aktuellen Temperaturen gesäit dat an der Praxis esou aus:

"Wa lo héich Consommatioune sinn, wann zum Beispill sou waarmt Wieder dobaussen ass, dat heescht wann d'Leit méi gläichzäiteg de Krunn opdréinen, da ginn och d'Infrastrukture vun de Gemenge méi héich beusprocht. D'Behältere lafe méi schnell eidel, déi Leitungen déi d'Waasser an d'Behältere bréngen, déi mussen dann och grouss genuch dimensionéiert sinn, fir datt se kënne Waasser noliwweren."

Dat erkläert den Tom Schaul. Hien ass studéierten Hydrogeolog a Vizechef vun der Divisioun Drénkwaasser a Grondwaasser bei der Waasserverwaltung. Seng Administratioun iwwerpréift de Moment a ganz enkem Kontakt mat de Gemengen an de Syndikater, wéi d'Situatioun evoluéiert. Wann do d'Reservoire bis op e gewësse Punkt eidel gelaf sinn, da gëtt Neies bei der Sebes ugefrot, respektiv d'Quelle ginn ugezaapt.

Momentan keng kritesch Lag

Fir de Moment ass d'Situatioun bei de Waasserreserven an der Rei, seet den Tom Schaul. Dat kann awer vun Dag zu Dag änneren. Et géif een dovunner ausgoen, datt proportional zu den Hëtzedeeg d'Consommatioun och géif eropgoen. Momentan géif een eng Tendenz no ënne feststellen, et wier awer nach keng kritesch Lag, esou den Tom Schaul.

Zu dësem Zäitpunkt huet also nach keng Gemeng hir Awunner missten opruffen, fir manner Waasser ze verbrauchen: an also d'Waasser vum Krunn net ze benotzte fir den Auto ze Wäschen oder matzen am Dag de Gaart de nätzen. Dat géif nämlech iwwregens och de Planzen näischt bréngen, sou den Tom Schaul:

"Well am Dag, wann d'Temperaturen an d'Sonnenastralung méi héich ass, dat Waasser wat de Planzen zougefouert gëtt, direkt verdonst, dat heescht, dat huet guer keng Chance an de Buedem eranzesickeren. Dat heescht, dat Waasser notzt am Fong de Planze guer näischt."

Tendenziell positiv ass, datt grad an dëse waarme Wochen och vill Leit an d'Ausland fueren - an also kee Waasser hei am Land consomméieren. Ob deen Impakt - och vun engem Congé collectif zum Beispill - awer wierklech antrëtt, bleift de Moment nach ofzewaarden.

Respektvoll mam Waasser ëmgoen

Drénken, spullen, wäschen, nätzen: an eise Regioune schéngt et méi wéi evident, datt d'Waasser leeft, wann een de Krunn opdréint, an datt dat Waasser och nach drénkbar ass. Mee sou evident wier dat awer net, seet den Tom Schaul. Ganz dacks géif de Leit d'Bewosstsi feelen, datt déi Waasserressourcë guer net esou onendlech sinn. "Dat hänkt souwuel vun der Quantitéit wéi vun der Qualitéit of", seet den Tom Schaul weider. Et hätt een an de meeschte Fäll zwar genuch Waasser, mee et wier awer eppes mat deem ee respektvoll misst ëmgoen.

Wat d'Reserven u Grondwaasser ugeet, sou steet Lëtzebuerg zum Beispill net excellent do. Et hätt ee Grondwaasserspigelen, déi déif sinn. "Si sinn net dramatesch déif, mee si sinn ongeféier op engem Niveau ukomm, wéi mir et 2006 bis 2007 haten", seet den Tom Schaul.

90 Prozent vun de Grondwaasserreserve befanne sech a Lëtzebuerger Sandsteen. Fir datt Grondwaasserreserve sech opbauen, ginn e puer verreente Méint net duer. Beschtefalls reent et e puer Joer hannerteneen ëmmer erëm vill, an zwar am beschten an der kaler Joreszäit. Do géif et manner Vegetatioun ginn, d'Waasser géif manner verdonsten a géif och méi den Ënnergrond infiltréieren. "Bis et awer an de Quellen ukënnt, dat kann tëscht engem bis zwee an zéng Joer daueren".

"Mir wëllen, datt et am Wanter vill reent"

Anescht ass dat beispillsweis am Stauséi, deem seng Reserve fëllen sech bei Reen direkt op. Beim Opbau vum Grondwaasser spillen awer och d'Verännerunge vum Klima mat eran - déi wäerten, dem Tom Schaul no, laangfristeg den Opbau vum Grondwaasser beaflossen.

"Et gëtt prognostizéiert, datt hei an eise Géigenden d'Vegetatiounsperiode sech géife verschiben. Doduerch, datt zum Beispill och d'Wantere méi waarm ginn, fänkt d'Vegetatioun éischter un. A wat mir éischter am Joer Vegetatioun hunn, wat och d'Gronwaasserneibildung wäert méi geréng ginn. Dat huet dann och een Impakt op d'Grondwaasserressourcen."

"Wa Mëtt bis Enn der Woch e puer Schauere sollen erofgoen, dann ass eis Hydrogeologen dat eigentlech egal", seet den Tom Schaul. "Mir wëllen, datt et am Wanter vill reent." Op laang Siicht huet d'Waasserverwaltung och en A op de Bevëlkerungswuesstem. Fir d'Reewaasserversuergung laangfristeg ze garantéieren, ginn et hei dräi Prioritéiten: de Grondwaasserschutz, d'Sensibiliséierung fir ee méi responsabelen Ëmgang mam Waasser, mee awer och d'Sich no neie Ressourcen. Dorënner kéint zum Beispill eng zweet Waasseropbereedungsanlang op der Musel falen. Entspriechend Etüde sinn de Moment am Gaang, sou den Tom Schaul.