Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ice In My Eyes - Arpeggiator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bewärungsprouf fir den Armin Laschet?

Héichwaasser an Däitschland

Bewärungsprouf fir den Armin Laschet?

An Däitschland reagéieren d'Parteispëtzten op d'Héichwaasser-Katastroph a verspriechen de Betraffenen hir voll Ënnerstëtzung. Vu Walkampf wëllt zwar keen eppes wëssen, mee den individuelle Krisemanagement kéint nach eng ganz entscheedend Roll spille mat Bléck op d'Wal am September. Déi däitsch Press erënnert sech un e puer ganz bekannt schwaarz Gummisstiwwelen.

auto_stories

3 min

D'Héichwaasser hannerléisst e grujelege Bilan: bis elo sinn an Däitschland schonn iwwer 90 Mënschen ëm d'Liewe komm a vill gi weiderhi vermësst. D'Iwwerschwemmungen hunn a wäiten Deeler vun de Bundeslänner Rheinland-Pfalz an Nordrhein-Westfalen en Totalschued ugeriicht an déi Betraffe brauchen elo séier Ënnerstëtzung.

D'Politik huet sech ageschalt an hir voll Ënnerstëtzung signaliséiert. D'Bundeskanzlerin Angela Merkel ass den Ament an den USA op Déngschtrees an huet de betraffene Persounen hiert Matgefill ausgeschwat a versprach, datt d'Bundesregierung si wäert ënnerstëtzen. A well d'Kanzlerin grad net am Land ass, geréit hire Parteikolleeg a potentiellen Nofollger un der Spëtzt vum Land, den Armin Laschet, an de Fokus.

Armit Laschet wëllt domat kee Walkampf maachen

De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen huet seng Walkampftour am Süde vum Land ofgebrach, fir sur place mat Betraffenen ze schwätzen a sech e Bild vun der Katastroph ze maachen. Gëschter war hien zu Hagen an dono zu Altena, wou d'Iwwerschwemmunge grousse Schued ugeriicht hunn - op Press huet hien dobäi verzicht.

Well vu Walkampf wëllt hien näischt wëssen. "Das ist keine Frage, mit der man Bilder erzeugen will", hat hien argumentéiert. All Ministerpresident, dee säin Amt géif eescht huelen, wier a sou engem Moment op der Plaz - Walkampf hin oder hier.

D'Bild vum Krisemanager

Mee natierlech hänkt elo vill vum Laschet sengem Handelen of, besonnesch well hie sech an der Corona-Pandemie net als erprouften an charakterstaarke Krisemanager konnt presentéieren. Esou eng Katastroph a sengem Bundesland, zwee Méint virun der Bundestagswal, kéint eng entscheedend Bewärungsprouf ginn, fir seng Qualitéiten ënner Beweis ze stellen.

An et erënnert natierlech un déi sougenannt "Jahrhunderflut" ronderëm d'Elbe am Joer 2002. Den deemolege Kanzler Gerhard Schröder war deemools a schwaarze Gummisstiwwelen duerch d'Waasser marschéiert an huet sech mediewierksam als Krisemanager inzenéiert, wat him e puer Méint méi spéit d'Wal gerett huet.

D'Konkurrenz schléift net

Elo kënnt dem Armin Laschet säin eegene "Gummistiefel-Moment", och hien huet sech gëschter a schwaarze Stiwwele sur place fotograféiere gelooss. Déi däitsch Zeitung "FAZ" prognostizéiert schonn e "Gummistiefel-Wahlkampf". Well och dem Laschet seng Kontrahente loossen sech an de betraffene Gebidder weisen.

Den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz war gëschter a Rheinland-Pfalz ënnerwee a sot, d'Regierung misst de Leit ënner d'Äerm gräifen. D'Annalena Baerbock huet sech per Twitter ageschalt a wäert fréizäiteg aus hirer Vakanz zeréckkommen.

Katastrophen an Zukunft verhënneren

Sie all hunn betount, datt dës Ëmweltkatastroph e weidere Beweis dofir ass, datt ee beim Klimawandel méi aktiv muss ginn. Den Armin Laschet hat gëschter Mëtteg méi Tempo beim Klimaschutz gefuerdert, e puer Stonne méi spéit an der "WDR"-Sendung "Aktuelle Stunde" sot hien awer "Weil jetzt so ein Tag ist, ändert man nicht die Politik".

E kloert Bekenntnis zu méi Klimaschutz kléngt anescht, et passt awer zum CDU-Walprogramm, deen hei relativ vag ass. Et kënnt awer net nëmmen dorop un, elo an dëser Situatioun e gudde Krisemanagement ze weisen, mee och eng Politik en vue ze stellen, déi esou Katastrophen an Zukunft verhënnere wëll.