Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Betraffe Famille siche weider no Wunnengen

No Groussbrand zu Keel

Betraffe Famille siche weider no Wunnengen

23 Leit waren am Appartementshaus an der Rue du Commerce zu Keel ugemellt, dorënner ee sechs Joer ale Bouf, dee beim Groussbrand ëm d'Liewe komm ass. D'Affer ware fir déi éischt Deeg provisoresch an engem Hotel ënnerkomm, duerno si si a Noutwunnengen zu Esch a Rëmeleng ënnerbruecht ginn.

auto_stories

2 min

An der Rue du Commerce zu Keel hat de 6. Dezember 2022 een Appartementshaus gebrannt. Foto: CGDIS

Lauschterenplay_arrow


Eng vun deene sechs betraffene Famillen hätt an Tëschenzäit eng Wunneng fonnt, confirméiert de Keeler Buergermeeschter Jean Weiler. Dat wier awer just e Stot vun zwou Persounen.

Fir déi aner Famille wier een nach op der Sich no Wunnengen. Hei hätt een e puer Saachen eventuell an Aussiicht, mee den Haaptproblem wier et, Wunnengen zu abordabele Präisser ze lounen, esou de Jean Weiler.

Kontrakter lafen den 11. Januar aus

Den Office social wier am Kontakt mat deenen anere Famille fir en neit Ënnerdaach ze fannen.

De Keeler Buergermeeschter geet net dovun aus, datt ee si bis den 11. Januar, wann déi aktuell Kontrakter auslafen, alleguerte relogéiert kritt. Als Gemeng géif een awer esou séier keen op d'Strooss setzen, verséchert de Jean Weiler:

"Ech hat scho Kontakt mam Escher Buergermeeschter och an den Office social hat och mat der Rëmelenger Gemeng scho Kontakt, datt mir dat awer nach eng Kéier kënne verlängeren. Dat gëtt dann all Kéier op 14 Deeg oder esou verlängert."

Dat wieren awer ëmmer nëmmen Noutlogementer, gëtt den CSV-Buergermeeschter aus der Gemeng Keel ze bedenken. Wann déi op laang Zäit besat wieren, da wiere nees keng Noutwunnengen do fir de Fall, wou eppes géif geschéien.

"Leit mussen och selwer kucke fir eppes ze fannen"

Et géif ee probéieren ze vermëttelen, mee et wier een och keng Immobilienagence, seet de Jean Weiler:

"Et ass och un de Leit selwer fir ze kucke fir eppes ze fannen. Ech mengen et ass ëmmer un de Gemenge fir hinnen ze hëllefe fir ze iwwerbrécken. Déi Iwwerbréckung ass eigentlech awer ëmmer nëmme geduecht bis d'Leit selwer och eng Wunneng fonnt hunn. Dat, wat mir maachen als Vermëttlung, ass eigentlech schonn ee Plus zu deem wat eigentlech d'Aufgab vun der Gemeng ass."

Et hätte sech iwwerdeem och Privatleit gemellt, déi Appartementer oder Haiser géife fir déi betraffe Famillen zur Verfügung stellen. Och dat wier awer alles ëmmer nëmme fir ze iwwerbrécken an domat wier de Leit och net wierklech op Dauer gehollef, esou nach de Jean Weiler.