Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Falling Apart Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besteierung ouni Grenzen?

Riicht Eraus

Besteierung ouni Grenzen?

0,5 Prozent vun den Entreprisë bezuelen d'Hallschent vun den direkte Betribssteieren. D'Patronatsorganisatioune fuerderen dowéinst eng Baisse vum Steiersaz vun 26 op 21 Prozent. Dëst fir d'Kompetitivitéit vun de Betriber um internationale Plang ze stäerken, esou den Jean-Jacques Rommes, Vize President vum Conseil économique et social. Am CES plädéiert d'Salariat fir d'Aféiere vun engem Mindeststeiersaz fir Betriber. Esou kéint een d'Konkurrenz tëschent de Länner verhënneren, seet de President vum Wirtschafts- a Sozialrot Marco Wagener.

auto_stories

2 min

De Steiersaz fir d'Betriber läit zu Lëtzebuerg bei 26 Prozent. De Grand-Duché positionéiert sech an Europa domat op déi 25. Plaz. Aner Länner wéi Irland applizéieren en Taux vun 12,5 Prozent. Changementer an der Besteierung ginn et iwwerdeems a Groussbritannien, Holland, grad wéi a Frankräich. Déi Länner, déi zu den Haaptkonkurrente vun der Finanzplaz zielen, wieren am gaangen hir Steiersätz erofzesetzen, warnt den Jean-Jacques Rommes. Wann dës Regierung dat net géing fäerdegbréngen, fir där Situatioun entgéintzewierken, da riskéieren déi Betriber d'Land ze verloossen. Deen Ament géifen déi Steierrecettë verluer goen.

International Aktiounspläng am A behalen

Am Kampf géint Steieroptimiséierung vun den internationale Konzerner hunn d'EU an d'OECD, d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, Direktiven an Aktiounspläng ausgeschafft. Net gewosst ass, wéi eng Konsequenzen déi Aktiounspläng fir de Grand-Duché wäerten hunn, seet de Jean-Jacques Rommes. Duerch Steieroptimiséierung hu grouss Konzerner, wéi Google zum Beispill, hire Benefice an enger Rei Länner esou ëmverdeelt, datt se quasi keng Steiere méi bezuelt hunn. Deem wëllt d'EU an d'OECD entgéintwierken. Ënner anerem solle grouss Konzerner mat engem Ëmsaz vu méi wéi 750 Milliounen hire Benefice méi transparent deklaréieren. Geplangt sinn iwwerdeems gemeinsam Norme fir d'Assiette fiscale festzeleeën. Diskutéiert gëtt an deem Kontext doriwwer, ob d'Steieren do bezuelt ginn, wou d'Firma hire Sëtz huet oder wou de Produit consomméiert gëtt.

An deem Kontext wier et wichteg, de Lëtzebuerger Steiersaz fir d'Betriber erofzesetzen, seet de Jean-Jacques Rommes. Eng Ausso, déi de President vum Conseil économique et social, de Marco Wagener, aus der Siicht vum Salariat a Fro stellt. D'Analys, datt d'Steierrecetten eventuell kéinten a Gefor sinn, deelt de Marco Wagener, mee et misst ee géint de System vun der Steierkonkurrenz tëschent de Länner kämpfen, ënner anerem an deem een eng Mindeststeier um internationale Plang aféiert.

Fir d'Betriber gëtt et eng batter Legislaturperiod

All déi Moossnamen déi d'Koalitioun annoncéiert huet, géinge weisen, datt et fir d'Betriber eng ganz batter Legislaturperiod géif ginn, sot de Jean-Jacques Rommes. Vun all deem sollt ee sech am mannste iwwer d'Erhéijung vum Mindestloun bekloen, sot hie weider. De Staat géif zwee Drëttel dovunner iwwerhuelen an d'Moossnam kéim wéinstens deenen ze gutt, déi et am meeschte brauchen. Ob dat de Problem géif léisen, dat wier eng aner Fro, esou den Jean-Jacques Rommes. De Logement bleift an deem Kontext ee Problem fir d'Stéit, ënnersträicht de Marco Wagener. Fir deen ze léise misst de Staat vill an de soziale Wunnengsbau investéieren, ënnersträicht den Marco Wagener, President vum CES a Vertrieder vum Salariat.