Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Wheels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besser Koordinatioun a Kommunikatioun néideg

Fir adequat op d'Pandemie ze äntwerten

Besser Koordinatioun a Kommunikatioun néideg

Net nëmmen hei am Land klammen d'Zuele vu confirméierten Infektioune mam Coronavirus erëm. D'Weltgesondheets-Organisatioun huet sech dës Woch besuergt gewisen iwwer d'Entwécklung a ganz Europa: D'Zuel vun Infektiounsfäll läit méi héich, wéi an der éischter héijer Phas am Mäerz an Europa, esou d'WHO. Fir op dës Entwécklung an der Corona-Pandemie ze reagéiere wier an der Europäescher Unioun eng besser Koordinatioun, Kooperatioun a Kommunikatioun néideg, huet et an eiser Emissioun Riicht eraus vun de Lëtzebuerger Europa-Deputéierte geheescht.

auto_stories

1 min

An dëser Kris hätt ee gesinn, datt d'EU a virun allem d'Memberstaaten net genuch Koordinatioun gemaach hätten, esou de Christophe Hansen (CSV). Zum Beispill wiere Grenzen unilateral zougemaach ginn, an et géif Duerchernee bei der Klassifikatioun vun den Zone ginn. Mat der ECDC hätt een eigentlech eng europäesch Agence, déi d'Coordinatioun hätte solle maachen. "Mee do ass och vill vun de Memberstaaten net respektéiert ginn, vun deene Recommandatiounen. An do brauche mer ganz kloer och méi Kompetenzen um europäeschen Niveau", esou de Christophe Hansen.

Aus der Corona-Pandemie hätt ee scho ganz vill Lektioune gezunn, esou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Ënner anerem déi, datt d'EU erëm méi Onofhängegkeet bräicht bei der Produktioun vu Medikamenter.

Dat wat d'Europäesch Unioun an der Corona-Pandemie mécht, misst gutt koordinéiert mee och gutt kommunizéiert ginn, verlaangt de Marc Angel (LSAP). Hie lueft d'EU-Kommissioun, dës hätt an dëser Kris "vill gemaach", mee se bräicht an Zukunft méi Kompetenzen am Gesondheetsberäich.

D'Pandemie hätt gewisen, datt dat batter néideg wier, esou d'Monica Semedo (DP). Eng besser Koordinatioun an eng besser Kooperatioun wieren awer och néideg. D'EU-Instituatioune misste "gezillt op esou Krise reagéiere kënnen". Si fuerdert fir d'Zukunft e bessere Krisemanagement a méi Viraussiicht.