D'Bréifdréieschgewerkschaft ass aktuell déi gréisste Gewerkschaft bei der Post. Se gouf virun 110 Joer an d'Liewe geruff, an zielt haut ronn 800 Memberen. Ee vun den Haapttheemen op der Generalversammlung waren d'Karriären, grad ewéi de Statut vun de Mataarbechter.
Ënnerscheeder bei de Paie jee no Statut
Duerch d'Liberaliséierung vum Postservice, gouf et Changementer am Statut vun de Mataarbechter, engersäits besteet den ëffentleche Statut fir déi déi fréier als Beamte bei der Post scho geschafft hunn. Fir déi ginn d'Gehälteraccorde vun der CGFP verhandelt, an da ginn et déi aner Mataarbechter déi ënnert dem privatrechtleche Statut schaffen a fir déi ee Kollektivvertrag ausgehandelt gouf. Tëscht béide Kategorie vu Post-Mataarbechter ginn et awer Ënnerscheeder an de Gehälter, wat och zu interne Konflikter féiert, preziséiert de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem.
"Mir hunn awer definitiv nach ee groussen Ënnerscheed an de Paien an dat ass natierlech nach ee Problem um Terrain wann déi selwecht Leit matenee schaffen an deen een huet eng aner Pai ewéi deen Aneren, wat deen Ament dann awer zu Konflikter ka féieren."
Eng aner Rekrutéierung gefuerdert
De Syndicat des P&T huet viru Joren ee Recours gemaach well se der Meenung sinn, datt d'Post falsch rekrutéiert huet. D'Post huet nëmmen am Salariat rekrutéiert an do wier een aktuell a Gespréicher mat der Direktioun fir nees méi am ëffentleche Statut op der Post ze rekrutéieren, erkläert de Raymond Juchem.
Et wéisst een awer, datt et relativ schwiereg wäert si fir all Mataarbechter am ëffentleche Statut kënnen ze rekrutéieren. D'Post wier een Etablissement public mat kommerziellen Aktivitéiten an den Etablissement public misst sech selwer finanzéieren.
Revaloriséierung vun der Karriär
Zanter 33 Joer féiert d'Gewerkschaft ee Kampf fir eng Opbesserung vun der Karriär vun deene Bréifdréier déi iwwert den Härebierg rekrutéiert goufen, betount de Raymond Juchem.
"Mir haten och deemools gestreikt fir ze fuerderen, datt 'Karriär méi héich agestuuft gëtt. Déi lescht zwee dräi Joer hu mer erëm vill méi a mat der CGFP driwwer geschwat fir mam Minister vun der Fonction publique ze verhandelen, mee bis elo hu mer nach näischt kritt a punkto méi héich Karriär. Et ass awer elo sou, datt mer den 23. Februar beim Minister waren an him dunn all eis Doleancen ënnerbreet hunn. Mir hunn him erkläert, datt mir der Meenung sinn, datt et eng Diskriminatioun gëtt tëscht dem Bréifdréier an den anere Karriären déi iwwert den Härebierg rekrutéiert gi sinn. Mir hunn definitiv een Urecht drop fir an eng méi héich Karriär aklasséiert ze ginn."
Eng Hellewull u Recourse méiglech
Et géif een elo op d'Äntwert vum Minister waarden, mee eng Demarche virum Verwaltungsgeriicht gëtt preparéiert, betount de Raymond Juchem.
"No eiser Reunioun mam Minister, kréie mer an den nächste Wochen eng Äntwert vum Minister wéi seng Positioun elo ass. Parallel si mer zanter September un am gaangen ee Recours ze preparéieren. Dat sinn eenzel Recourse vu ganz ville Bréifdréier. Wa mer elo kee Konsens mam Minister fannen, wäerte mer dann iwwert de Wee vun engem globale Recours goen, sou wéi et dat hei zu Lëtzebuerg nach net gouf, well eng Onmass Leit dee Recours deen Ament areechen."