Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Besser informéiert mat der neier App vum Waasserwirtschaftsamt

"Meine Pegel"

Besser informéiert mat der neier App vum Waasserwirtschaftsamt

Zanter haut kann ee sech déi nei App vum Waasserwirtschaftsamt eroflueden: "Meine Pegel" soll et Notzer erlaben, an Zukunft méi einfach iwwer d'Peegelstänn vun de 36 Miessstatiounen zu Lëtzebuerger informéiert ze sinn. Dat ass net nëmme bei Héichwaassergefor eng sënnvoll Saach.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'App ass fir iPhone an Android disponibel, a gouf vum Ëmweltministère vu Baden-Würtemberg entwéckelt. Si ass schonn an Däitschland, Holland an der Schwäiz am Asaz.

D'Informatioune kritt een a fënnef Sproochen - eng Lëtzebuergesch Versioun wier den Ament an Aarbecht, esou d'Noémie Patz vum Service Hydrologie vum Waasserwirtschaftsamt.

Informatiounen iwwer Peegelstänn

Mat der neier App kéint ee geziilt an individuell bestëmmte Peegelstatioune verfollegen, a Push-Noriichten iwwer d'Evolutioun vun hire Waasserstänn kréien, erkläert d'Noémie Patz vum Waasserwirtschaftsamt.

Mat der neier App wéilt een de Leit erméiglechen, sech bei Héichwaassergefor méi séier selwer kënnen ze hëllefen, esou d'Noémie Patz. Dat wier zum Beispill wichteg fir Pompjeeën, oder Leit, déi un de grousse Gewässer wunnen:

"Déi Leit déi un der Sauer wunnen, déi un enger Uelzecht wunnen, déi ëmmer erëm mat Héichwaasser ze dinn hunn, déi kennen hir Wäerter ganz genau. An dat ass fir déi eng gutt Méiglechkeet, sech dann do individuell benoriichtegen ze loossen."

Historique vu fënnef Deeg

D'Peegelstänn kann ee sech op enger Kaart oder an enger Lëscht uweise loossen. An der App kritt een dann och en Iwwerbléck iwwer de geneeë Peegelverlaf op fënnef Deeg gekuckt.

D'Wäerter ginn all 15 Minutten aktualiséiert, an esou kann ee kucken, a wéi eng Richtung d'Entwécklung geet. D'Noémie Patz erkläert, firwat esou en Historique wichteg ass:

"Mir hunn och heiansdo Peegelen, grad am Norden, déi stagnéiere mol eng Zäitchen. Da kann een dat awer e bësse beobachten: Ok et stagnéiert mee et geet awer elo éischter net méi erop mee éischter Tendenz no ënnen."

Déi nei App wier awer net nëmmen a Saachen Héichwaasser nëtzlech, mee och fir déi Leit, déi sech fir d'Waasserstänn an de Gewässer interesséieren, oder am ökologesche Beräich un de Gewässer schaffen, esou d'Noémie Patz.

Previsioune sinn nach net integréiert

Den Ament géif dru geschafft ginn, fir an Zukunft och d'Previsioune mat an d'App ze integréieren, déi een haut just op der Websäit innondation.lu hätt, präziséiert nach d'Noémie Patz vum Service Hydrologie aus dem Waasserwirtschaftsamt.