Duerch den technesche Grupp wier een definitiv an der Presidentekonferenz an der Chamber vertrueden an et hätt ee méi Suen zur Verfügung, esou de Gast Gibéryen. "Et ass een technesche Grupp, et ass kee politesche Grupp. Et ass also reng um organisatoresche Plang", ënnersträicht den ADR-Deputéierten. "Politesch bleift jiddweree fir sech Independant".
Grad wéi e Groupe politique an der Chamber muss och e Groupe technique op d'mannst fënnef Memberen hunn. ADR a Piraten hunn zesumme sechs Deputéiert. De Coordinateur vun engem technesche Grupp huet de selwechte Statut wéi de Fraktiounspresident.
A Presidentekonferenz a SREL-Kontrollkommissioun vertrueden
D'ADR assuréiert dës Koordinatioun fir déi éischt 40 Méint an d'Pirate fir déi 20 Méint duerno. Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement erkläert, datt et drëms géif goe besser ze schaffen an der Chamber a fir e besseren Accès an de jeeweilege Kommissiounen ze hunn.
Duerch d'Zesummenaarbecht wier een och an der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vertrueden: "Eppes wat sech programmatesch fir eis als ganz interessant erwisen huet", esou den Deputéierte vun der Piratepartei.
Eng politesch Zesummenaarbecht tëschent ADR a Piratepartei géif net ugeduecht ginn, seet och de President vun der Piratepartei Sven Clement. D'Initiativ fir den technesche Grupp ze forméieren ass vun der ADR ausgaangen. Anescht wéi 2009 an 2013 huet d'ADR dës Kéier déi Lénk net kontaktéiert fir esou eng Zesummenaarbecht, esou de Moien den Deputéierte Marc Baum op eis Nofro hin.
De Serge Kesseler am Panorama, Freideg de 16. November um 12 Auer: