Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besetzung vun EU-Topposten: Wie setzt sech duerch?

Europawahlen 2019

Besetzung vun EU-Topposten: Wie setzt sech duerch?

Bei der Fro, wien nächste EU-Kommissiounspresident gëtt, géif et prioritär ëm Inhalter goen. Dat soen op d'mannst déi nei gewielte Lëtzebuerger EU-Deputéiert Charles Goerens, Tilly Metz an Nicolas Schmit.

auto_stories

2 min

Foto: Europäesch Kommissioun

Den LSAP-Politiker Nicolas Schmit ass dogéint, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun automatesch Kommissiounspresident gëtt. Anerersäits wier een elo mat Spëtzekandidaten an d'Wahl gaangen, an dat kéint ee net einfach ignoréieren, seet den Nicolas Schmit. Mee och de Spëtzekandidat aus der gréisster Fraktioun misst eng absolut Majoritéit am Europaparlament hunn. Wann hien déi net hätt, da kéint en net President ginn.

Der Tilly Metz vun déi gréng no, muss den EU-Conseil eng Persoun virschloen, déi Spëtzekandidat war. Déi liberal Margrethe Vestager kéim fir si awer a Fro, och wann déi Liberal streng geholl net mat enger Spëtzekandidatin an d'Wahl gaange sinn. Egal wéi een Accord fonnt gëtt: Der Tilly Metz no missten déi gréng an déi Liberal als Wahlgewënner do mat am Boot sinn. Dobäi géif et net nëmmen ëm de Poste vum Kommissiounspresident goen.

Kritt d'Europaparlament sech duerchgesat?

Fir d'Besetze vun den Topposte misst generell den Aspekt vun der Paritéit méi respektéiert ginn, wéi dat bis elo de Fall war, esou déi gréng EU-Deputéiert.

Viru Mëtt Juni ass net mat enger klorer Entscheedung vum Conseil ze rechnen. D'Europaparlament wier awer net gezwonge passiv op d'Decisioun vum Conseil ze waarden, seet de Charles Goerens vun der DP.

"Wann d'EU-Parlament kéint erkenne loossen, datt si sech majoritär hanner ee stellen, dann misst de Conseil européen wahrscheinlech do alenken. Also den Ament si mir nach voll an der spekulativer Phas."

D'CSV schwätzt sech fir de Prinzip vun de Spëtzekandidaten aus. Op RTL-Tëlee huet de Christoph Hansen dem EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber säin Usproch op de Poste vum EU-Kommissiounspresident als legitim bezeechent.


De Bäitrag vum Stephan Polet:

Lauschterenplay_arrow