Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Beschwichtegungen a waarm Gromperen

Wirtschaftschronik

Beschwichtegungen a waarm Gromperen

Mir kucken nach eng Kéier zréck op d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel. Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et gutt, d'Konjunktur dréint gutt: Dëst Signal war wéi e kosmescht Hannergrondgeräisch an der Ried vum Premier. Awer doriwwer eraus?

auto_stories

3 min

Wirtschaftspolitesches stoung net wierklech am Mëttelpunkt vum Premierminister Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun. Am Contraire: Wirtschaft a Wirtschaftspolitesches war dezent an onopfälleg ageflecht queesch duerch d'Ried. A si waren net déi dominant Elementer vun enger Rhetorik, déi geduecht war, fir sech ze positionéiere fir déi Wahlen, déi elo kommen.

Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et gutt, d'Konjunktur dréint gutt, a besser wéi virun engem Joer nach geduecht: Dëst Signal war wéi e berouegend kosmescht Hannergrondgeräisch duerch déi ganz Deklaratioun.

Politesche Kalkül?

Vläicht war dëst Zréckhale just e Beméien, fir Rediten ze vermeiden. Ëmmerhi stoungen och de Finanzminister Pierre Gramegna an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider bal zäitgläich mam Premier Xavier Bettel virun der Chamber, fir en detailléierte Bilan vu Finanz- a Wirtschaftspolitik ze presentéieren.

Vläicht war et awer och politesche Kalkül, fir déi gutt Resultater a gutt Zensuren net ze vill ostentativ an d'Vitrine ze stellen:

  • Zum Beispill e wirtschaftlechen Taux de croissance, deen elo bei iwwer fënnef Prozent läit
  • Eng Bevëlkerung, déi dynamesch zouhëlt
  • En nationale Chômage-Taux, deen erofgeet, an eng Gesamt-Beschäftegung, déi weider zouleet
  • An de Fait, datt de Conseil National des Finances Publiques de Staatsfinanze Konformitéit mat den europäesche Stabilitéitscritèren zertifiéiert huet.

Rhetorik fir Spannungen z'entschäerfen

Politesche Kalkül: Firwat hätt een Interêt, sech net ze vill mat esou Resultater ze bretzen an éischter méi onopfälleg ze trëppelen?

D'Äntwert heirop läit an der politescher Konjunktur. Et ass Wahlzäit: Elo a Frankräich, am Juni an England, duerno an Däitschland, an duerno an de Gemengen hei am Land, an dann 2018 gëtt eis Chamber nei gewielt. All déi rezent Walkämpf, ronderëm de Brexit, an Holland oder a Frankräich, hu vill Spillplazen opgemaach, wou nei kleng Nationalisme sech austoben, an och d'Angschtgefiller an de Frust vun deenen, déi an enger globaliséierter offener Wirtschaft zu de Verléierer gehéieren, oder och nëmmen d’Impressioun hunn, verluer ze hunn.

Am Kontext vu Populismus an neien Nationalisme war d'Deklaratioun vum Premier bal wéi e präventiivt Beschwichtegen. Eng Rhetorik, fir déi Spannungen z'entschäerfen, déi am Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell inhärent sinn.

Well dee baut op Wuesstem, an deen huet och desagreabel Konsequenzen: Ëmmer méi Verkéier, eng Bulle am Logement, Defien an der Educatioun, fir nëmmen déi ze nennen. An de Wuesstemsmodell gëtt virun allem duerch auslännesch Aarbechtskraaft gedriwwen.

Haut si manner wéi een Drëttel vun der aktiver Populatioun Lëtzebuerger; an e gudde Batz dovu schaffen am Déngscht vum Staat. Eng Situatioun, wou ee wëllt onopfälleg optrëppelen, am Zäitalter vun den neie klengen Nationalismen.

Rentemauer: Waarm Gromper fir nächst Koalitioun

Dann ass et scho méi interessant, fir de Fokus op déi Moossnamen ze leeën, déi di negativ Effete vum Lëtzebuerger Wuesstemsmodell sollen ofschwächen. Dat sinn da virun allem d'sozial Moossnamen:

  • fir Kannerbetreiung an Educatioun
  • fir de Wunnengsdefizit ze behiewen
  • fir d'Sécherheetsgefill ze stäerken an och fir d'Mobilitéit ze verbesseren
  • an, net ze vergiessen, d'Verspriechen, datt weder un de Renteleeschtungen nach um Rentenalter wäert geschrauft ginn

Alles anescht wéi dëst lescht Versprieche vun engem Status Quo bei de Pensiounen a Rente wier och eng déck Iwwerraschung gewiescht an engem Wahljoer a virun engem anere Wahljoer.

Dëst Versprieche weist awer och nach eppes anescht. Déi faméis "Rentemauer" ass vläicht, dank Wuesstem a gudder Konjunktur, net méi esou prominent an de Käpp vun der Politik wéi si dat emol war. Mä mir steiere weider op dee Punkt duer, wou Renten a Pensiounen um jëtzegen Niveau net méi ze finanzéiere sinn.

Awer dëst Thema ass bis op Weideres net op der Dagesuerdnung. Déi waarm Gromper kritt déi nächst Koalitioun schonn elo mat op de Wee.