Radioen

On air

De Moien  |  Little Dragon - Gold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Environnement: Intern Enquête no Verstouss géint d'Naturschutzgesetz

Illegale Bëschwee tëschent Rëmeleng an Téiteng

Environnement: Intern Enquête no Verstouss géint d'Naturschutzgesetz

Tëschent Rëmeleng an Téiteng gouf am Bësch en illegale Wee ugeluecht. E féiert duerch en Natura 2000-Gebitt an deelweis duerch e Biotop. Just en Deel vum Wee gouf 2017 vum Ministère autoriséiert an et ass och Bauschutt benotzt ginn. Zwee Baueren hunn op e puer Plazen op d'Situatioun higewisen. Well keen de Bauere gegleeft huet, hu si virun e puer Woche mam Bagger op zwou Plazen e Lach an de Buedem gerappt.

auto_stories

7 min

Tëschent Rëmeleng an Téiteng, am Bësch, an engem Natura 2000-Gebitt, deelweis an engem Biotop. Laut Gesetz liewen hei rar Vullenaarten, Eilen a Fliedermais.

Op engem annerhallef Kilometer laange befestegte Bëschwee, geet et déi eng Säit biergof. Ënnen ass e Bësch, Kouwisen, an hannendrun Téiteng. Déi aner Säit geet et biergop an d'Naturreservat Léiffräschen mat sengem typesche roude Buedem an de verloossene Minnen. Bal näischt deit hei drop hin, datt mir op engem Wee stinn, dee viru siwe Joer illegal realiséiert gouf.

"Ech hunn nach ni sou Aarbechte gesinn. Dat war eng Nacht-und-Nebelaktioun. Eng Haurucksaktioun", seet de Bauer Georges Laux. Hien huet sech 2012 gewonnert, wéi d'Bauentreprise am Optrag vum Staat hei géif virgoen. "D'Beem sinn einfach de Bierg erofgedréckt ginn. Hei si ganz Haiser am Toutvenant drop geheit ginn. Mat Plastik. Mat Gainen", sou de Bauer.

Foto vun 2012

"Als Ligener duergestallt ginn"

Datt Bauschutt genotzt gouf fir de Wee ze befestegen, gouf awer bis haut vum Fierschter vu Keel a vu sengem direkte Chef, dem Chef vum Arrondissement Sud, niéiert. De Georges Laux an en anere Bauer, de Gilbert Trausch, hunn noweislech op e puer Plazen op d'Situatioun higewisen. Si soen, et wier hinnen ni gegleeft ginn. Si wieren als Ligener duergestallt ginn. Et wier hinnen e puermol geäntwert ginn, "datt mir net Recht hunn, datt hei Bauschutt läit. Mee dat gesäit jo all Mënsch".

De Baueren hiren Affekot, de Georges Krieger, huet 2017 och dem Ëmweltministère geschriwwen. D'Äntwert: et wieren 2.500 Meter Cube lokaalt Gestengs aus den ale Minne benotzt ginn. Et kéint net ausgeschloss ginn, datt dat eent oder anert Stéck Bëtong oder Eisen aus där Zäit drënner wier, huet de Staatssekretär Camille Gira dem Affekot geäntwert. Well keen de Bauere gegleeft huet, hu si virun e puer Woche mam Bagger op zwou Plazen e Lach an de Buedem gerappt.

Een vun den zwee Lächer déi d'Bauere gegruewen hunn (Foto vun Oktober 2019)

Zum Virschäi koume Bëtongsbléck, Zillen, en elektresche Kabel, e Stéck Taipar, e Stéck vun enger Kabelgaine. Déi zwee Baueren hunn de sozialistesche Buergermeeschter John Lorent mat op d'Plaz geholl. "En huet mech just drop higeweisen, datt ech hei e Lach an e Staatsterrain gemaach hätt", seet de Bauer Laux.

Systematesch Bauschutt am Wee verbaut

Mir hunn de John Lorent op der Plaz begéint, hien hat net vill Zäit. Et bräicht ee jo awer net laang iwwer e Stéck Riffeleisen ze schwätzen, huet de Buergermeeschter gemengt. Uelegfässer géifen op jiddefall keng am Wee leien. Fotoe vun 2012, déi eis virleien, weisen awer, datt et sech net just em e bësse Bauschutt handelt.

Foto vun 2012

Et gëtt kloer, datt fir déi ënnescht Couche Bauschutt benotzt gouf, mat uewen drop roude Steng aus der Géigend. Elo kënnt Beweegung an den Dossier. Nodeems hien d'Fotoe gesinn huet, sot eis de Frank Wolff, Sous-Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung, et géif eng intern Enquête gemaach ginn.

"Et ass wichteg dat eng Kéier kloer ze analyséieren. Mir wäerten eis do sur Place e Bild maachen an där Saach nogoen."

Hautdesdaags wier et Usus, just Naturgestengs ze benotzen a kee Bauschutt.

Keng ministeriell Autorisatioun fir de ganze Wee

An d'ministeriell Autorisatioun? De Ministère huet de Bauere virun zwee Joer eng ministeriell Autorisatioun, datéiert op 2017, fir de Bëschwee geschéckt. Wann ee se gutt kuckt, gesäit een awer, datt et just eng Autorisatioun fir 250 Meter Wee ass, de Rescht vum Wee ass ni geneemegt ginn. D'Autorisatioun vum Minister wier jiddefalls néideg gewiescht, seet haut de Frank Wolff. De groussen Deel vun de Weeër wier och ëmmer autoriséiert ginn. "Dat hei ass e Fall, dee mir intern analyséieren, wéi et dozou komm ass."

Datt et keng ministeriell Autorisatioun gouf, an datt Bauschutt benotzt gouf, sinn net déi eenzeg Problemer mam Bëschwee tëschent Rëmeleng an Téiteng. De Wee geet zu Rëmeleng fort, hält awer einfach am Bësch op, eng honnert Meter éier en zu Téiteng nees op d'Strooss kënnt. De Problem: De Fierschter hat net gemierkt, datt dat lescht Stéck Bësch net der ëffentlecher Hand, mee dem Bauer Georges Laux gehéiert. Dee war net ëm eng Autorisatioun gefrot ginn, fir iwwer säin Terrain ze fueren. Bis haut wier hien net gefrot gi fir den Terrain zur Verfügung ze stellen. Dat war 2012.

De Konflikt huet sech zougespëtzt

Siwe Joer dono goufen et nach ëmmer keng Gespréicher fir eng Léisung ze fannen. D'Situatioun tëschent de Baueren an dem Fierschter ass och keng einfach. Zanter datt d'Baueren op d'Problemer mam Bëschwee opmierksam gemaach hunn, géife si Schwieregkeete gemaach kréien, soe si. Hir Betriber wiere vill kontrolléiert ginn, si hätte finanziell Aboussen a Pachte verluer. De Bauer Georges Laux féiert souguer eng Perquisitioun a sengem Betrib op d'Streidereie mam Fierschter zeréck. "Bis haut huet keen eis richteg nogelauschtert", seet de Gilbert Trausch.

"Mir hu Projeten, mir hu Saache lafen, kommen net méi virun. Do musse jo Leit sinn, déi dat zeréckhalen. Op eemol ass et duergaangen. Dem Georges och. An dunn hu mir dat hei gemaach."

Domat menge si déi zwee Lächer, déi si opgerappt hunn. Ob d'Bauere vum Fierschter Problemer gemaach kruten, wëllt d'Natur- a Bëschverwaltung och analyséieren.

Eng intern Enquête bei der Natur- a Bëschverwaltung

"Ech kennen d'Situatioun net genuch, fir doriwwer ze schwätzen. Dat wëlle mir och erausfannen. Wichteg ass, datt et de Reflex ass, eng oder zwou Etagen driwwer ze goen", seet de Frank Wolff.

Woubäi d'Bauere soen, si hätten dat gemaach. Am Landwirtschaftsministère, beim Buergermeeschter, bei der Entité mobile a beim Chef vum Arrondissement Sud vun der Natur- a Bëschverwaltung. Woubäi grad deen hinnen e puer mol "stramm" gesot hätt, mam Bëschwee wier alles an der Rei, an et géif och kee Bauschutt dra leien.

Elo ginn déi genee Reprochen intern ënnersicht. "Mir sinn net houfreg op déi ganz Situatioun", seet de Frank Wolff, Sous-Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung. Hie géif verstoe wann d'Bierger sech opreegen, datt si vläicht wéinst enger Heck protokolléiert ginn, an de Staat sech an dësem Fall selwer net un d'Prozedure gehalen hätt. Et kéint ee sech ënner anerem Gedanken iwwer d'Zukunft vum Fierschterberuff maachen.

"Dat ass eng Situatioun déi ass fir een eenzege Beamte schwéier konkret ëmzesetzen. Deen een Dag muss ee mam selwechten Interlocuteur en Naturschutzprojet maachen, den aneren Dag muss en e protokolléiere goen."

De Koalitiounsaccord gesäit en Audit iwwer d'Natur- a Bëschverwaltung vir

Dofir missten och vläicht grad d'Policemissiounen am Naturschutzberäich ganz vun d'Entité mobile vun der Natur- a Bëschverwaltung gemaach ginn. Dofir wier awer méi Personal néideg. Eng Diskussioun, déi souwisou an der Aktualitéit ass. Éischtens wéinst der Affär Traversini, an där et ënner anerem drëms geet, ob d'Fierschter an den Environnement de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini d'selwecht behandelt hunn, wéi aner Leit och. An zweetens, well iwwer d'Natur- a Bëschverwaltung souwisou soll en Audit gemaach ginn.