E puer Schrëtt duerch déi gefruere Blieder nieft dem Bëschwee, an de Vizepresident vum Mouvement Ecologique muss net laang sichen.
"Kuckt, do ass och e Bam, den am Gaang ass ofzestierwen. Dat gesitt er schonn un der Schuel, déi ewechbrécht. Dat ass wéi bei eis eng oppe Wonn, a wann de Bam et net fäerdegbréngt fir se zouzemaachen, da kommen all méiglech Krankheetserreeger dran - déi wäerten dem Bam dann de leschte Coup ginn..."
Et ass e Schicksal, mat deem ëmmer méi Beem ze kämpfen hunn. De Roger Schauls schwätzt vun enger "dramatescher Situatioun". De leschte Schätzunge vun der Forstverwalung no, si just nach 13 Prozent vun de Beem an de Bëscher komplett gesond. D'Hallschent ass mëttlerweil staark beschiedegt, oder schonn dout. Ee Grond dofir fënnt een dacks ënnert der Schuel.
"Kuck, hei ass dee Bam elo schonn esou laang doud, datt schon en Deel vun deene Fraasgäng, net méi esou ganz visibel ass..."
"Schädlinge si just e Symptom"
Fraasgäng, kleng agefriesse Bunnen, ënner der Bamschuel deiten drop hin, datt de Borkenkäfer hei um Wierk war. De Schädling huet sech an de leschte Jore séier verbreet. Mee Experte warne virun falsche Conclusiounen.
"Der Borkenkäfer ist für viele dann der Übeltäter, aber ist eigentlich natürlich nur der Agent im Ökosystem, der vielleicht dann den letzten Hieb ausführt", seet zum Beispill de Pierre Ibisch, deen den Donneschdeg op Invitatioun vum Mouvement zu Lëtzebuerg war.
Fir den däitsche Bëschfuerscher sinn d'Käferen (nëmme) e Symptom dofir, datt d'Beem duerch Dréchent an héich Temperaturen geschwächt sinn.
"Die Bäume selbst müssen sparen in ihrem Stoffwechsel, und sparen zunächst an den Giftstoffen oder an den Verteidigungsmechanismen, die sie haben - wie Harz zum Beispiel. Dadurch steigt dann die Anfälligkeit gegenüber Krankheiten und Schädlingen, wie eben dem Borkenkäfer."
Den Ekosystem sou gutt et geet ënnerstëtzen
Um Waldhaff, huet de Pierre Ibisch sech den Donneschdeg d'Situatioun am Gréngewald zesumme mat engem Grupp Lëtzebuerger Fierschter ugekuckt. Hir Aufgab ass et, de Bësch sou gutt ewéi méiglech, op déi schwiereg klimatesch Entwécklungen ze preparéieren.
Upassung wier wichteg a kéint Zäit kafen, mee kéint de Bësch alleng och net retten. Et misst een d'Bëscher analyséieren a kucke wéi een et am beschte fäerdeg bréngt, fir dem Ekosystem ze hëllefe fir sech selwer ze killen a Waasser ze späicheren.
Fir datt dat geléngt, bräichten d'Bëscher sou vill Holz wéi méiglech. Et wier och wichteg manner ofzeholzen, sou den däitschen Expert. Iwwerstierzten Aktionismus géif awer näischt bréngen.
"Verbrennung vu fossiler Energie weider erofsetzen"
De Pierre Ibisch réit de Fierschter net ze panikéieren, an dem Ökosystem vum Bësch ze vertrauen. De Gréngewald wier hei e positiivt Beispill. D'Lëtzebuerger Fierschter hätten no de schwéiere Stierm an de 90er Jore richteg gehandelt.
"Indem man, zum Beispiel, eben nicht neu gepflanzt hat, sondern sich erlaubt hat zu schauen, was die Natur selbst auch kann. Und ich glaube das ist wichtig, auch bei allem Stress durch diese neuen Klimabedingungen: Man sollte auf die Selbstheilungskräfte der Waldökosysteme schauen, und auf sie setzen. Und da geht schon immer noch was."
An dach, dierft d'Capacitéit vum Bësch an den Zäite vum Klimawandel, och net iwwerschat ginn. Déi wichtegst Missioun misst weiderhi bleiwen, fir d'Verbrennung vu fossiler Energie erof ze setzen.
Et ass eng Missioun, un déi een am Gréngewald, permanent duerch en Dausche vun den Autoen am Hannergrond, erënnert gëtt.