Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëscher hu mat Dréchent ze kämpfen

Reportage

Bëscher hu mat Dréchent ze kämpfen

De Waldzoustandsbericht vun der Naturverwaltung vum leschte Joer weist, datt d'Situatioun an de Bëscher net gutt ass. Et sollt een awer net dramatiséieren a mengen, datt an zéng, 20 Joer kee Bësch méi steet, erkläert de Georges Kugener vun der Naturverwaltung. Mir ware mat him de Bësch Dudschleed bei Mamer kucken.

auto_stories

3 min

Just 16 Prozent vun alle Beem zu Lëtzebuerg sinn nach ganz gesond.

Lauschterenplay_arrow


Virun dräi Joer goufen op enger Plaz niewent dem Spadséierwee am Bësch Dudschleed bei Mamer Eeche geplanzt.

Et gesäit een, datt si net gutt mat der Dréchent eens ginn: D'Blieder si gewellt an d'Planz ass an hirem Alter just hallef esou grouss wéi se sollt sinn, mengt de Georges Kugener vun der Naturverwaltung.

De Georges Kugener vum Service des Forêts weist d'Schied un engem Blat, déi duerch d'Dréchent kommen.

Der Sonn ausgesat

De Georges Kugener mengt, datt am ganze Dudschleed Bësch warscheinlech kee Bam géif stoen, deen zu honnert Prozent gesond ass.

Vill eeler Beem geheien hir Blieder elo schonn erof fir Waasser anzespueren, dowéinst schéngt duerch vill Bam-Krounen d'Sonn duerch.

Problematesch wier hei am Land och, datt déi lëtzebuergesch Bëscher - déi zum gudden Deel aus Eechen a Biche bestinn - vill zerschnidde wieren. Dat heescht, datt et oft just kleng Bamgruppe wieren, wat kee Bëschklima zouléisst. Doduerch verdonst de Ree méi séier an d'Beem sinn der Sonn ausgesat, erkläert de Georges Kugener.

De Georges Kugener vum Service des Forêts.

Mat der Dréchent kommen nach aner Problemer

D'Dréchent ass net just ee regionalen, mee ee landeswäite Problem. Wéi staark e Bam vun der Dréchent allgemeng betraff ass hänkt dovun of, op de Buedem sandeg oder leemeg ass, a wéi eng Bamzorten am Bësch stinn.

En anere Problem mat deem d'Bëscher ze kämpfen hunn, an deen duerch d'Dréchent verschlëmmert gëtt, ass de Borkekäfer. Deen ass zur Plo ginn an d'Fiichte kënne sech net wieren:

"Eigentlech géif dem Bam säi Schutzmechanismus esou funktionnéieren, datt e ganz vill Haarz produzéiert, wann en da genuch Waasser huet an dann ersäift de Borkekäfer am Haarz. Dann huet de Bam eng méi grouss Chance fir ze iwwerliewen."

Hei weist de Georges Kugener op ee Bam dee futti ass.

Well net all heemesch Zort gläich gutt mat Hëtzt an Dréchent eens gëtt, géif ee bei der Naturverwaltung kucke wou ee Som keeft fir déi a Bamschoulen ze planzen. Esou géif ee probéieren, datt déi Bamaarte beschtméiglechst ugepasst sinn un dat Klima, wat ee mengt wat kéim, esou de Georges Kugener.

Zukunftspläng: Méi verschidde Bamaarten an de Bëscher

An Zukunft géif ee bei der Naturverwaltung drop kucken, och méi verschidde Bamaarten an deene Bëscher ze planzen, déi grad futti ginn - ofhängeg vum Standuert beispillsweis Lannen, Ahorn oder Bierken:

"Wa mir fënnef, sechs, siwe Bamaarten op enger Fläch hunn an dann hu mir an Zukunft eng oder zwou Aarten déi Schwieregkeete kréien an ausfalen, da sinn ëmmer nach Bamaarten do, déi do de Bësch weider kënne bilden a fir Bëschklima suergen."

De Georges Kugener huet och d'Hoffnung, datt sech an der Dudschleed a puer Joerzéngten een neie Bësch mat méi Bamaarten entwéckele kann. An och wann de Mënsch agräift fir ze hëllefen: Him no wier et awer generell besser wann d'Natur sech selwer verjéngt.