Den 21. Dezember 2022 ass, ouni groussen Tam-Tam, den Tëschebilan vum zweeten Aktiounsplang vun der Ëmsetzung vun der UNO Konventioun iwwer d'Rechter vun den Leit mat enger Behënnerung virgestallt ginn. Dës Evaluatioun huet de Familljeministère an Optrag ginn, an ass vun enger Auditfirma, an dësem Fall KPMG, kontrolléiert ginn.
Dëse Rapport sollt feststellen, wat vum Aktiounsplang bis elo schonn ëmgesat gouf; et ass u sech eng Zort Tëschenzensur fir déi verschidde Ministèren a punkto Engagementer, déi se sech virgeholl haten am Beräich Handicap ëmzesetzen.
Bei der Virstellung vun deem Rapport, ass fir d'éischt d'Methodologie virgestallt ginn. Ech sinn dovunner ausgaangen, datt dann, déi Responsabel vu KPMG ee Ministère nom anere géifen duerchgoen an, pro Ministère, a soe wou si par rapport zu hiren Engagementer dru wieren: Wat ass bis elo gemaach ginn a wat net.
Keng déifgräifend Analys, mee ee Kommunikatiounsexercice
Dat war awer net de Fall. All Ministère deen deen Owend present war, huet dann d'Wuert kritt an huet ervirgestrach, wat ee bis elo gemaach huet oder wouru se am Ministère amgaange wieren ze schaffen. Et ass bei mir esou eriwwerkomm, ewéi wa jidderee sech géif op d'Schëllere klappen a weise wéi gutt e bis elo geschafft huet. Wann een awer de Rapport duerchliest, dann ergëtt dat méi en differenzéiert Bild.
Ech konzentréiere mech hei op d'Aktiounen déi Enn 2022 hätte missten ofgeschloss sinn:
- Wat de Beräich Sensibilisatioun, Autonomie an Inklusioun betrëfft sinn iwwert 85 Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn. Dat heescht néng vun zéng. Dofir war de Familljeministère haaptsächlech zoustänneg.
- Wat de Beräich Meenungsfräiheet betrëfft si 40 Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn; dat sinn der zwou vun zéng. Dofir war och de Familljeministère haaptsächlech zoustänneg.
- Wat de Beräich Educatioun betrëfft, sinn 93 Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn. Dat sinn der 13 vu 14. Dofir war haaptsächlech den Educatiounsministère zoustänneg.
- Wat de Beräich Santé betrëfft, sinn eelef Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn. Dat ass just eng vun néng. Dofir war haaptsächlech de Santésministère zoustänneg.
- Wat de Beräich Aarbecht betrëfft sinn 100 Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn, do war och just eng Aktioun virgesinn. Dofir war haaptsächlech den Aarbechtsministère zoustänneg.
- Wat de Beräich Deelhuelen um politeschen a gesellschaftleche Liewen betrëfft, si 67 Prozent vun den Aktiounen ëmgesat ginn. Dat sinn der zwou vun dräi. Dofir waren de Staatsministère an den Educatiounsministère haaptsächlech zoustänneg.
- Wat de Beräich Unerkennung a Gläichstellung vun de Rechter betrëfft, ass keng vun den annoncéierte 16 Aktiounen ëmgesat ginn. Dofir war de Justizministère haaptsächlech zoustänneg.
Dorausser kann een folgend Schlussfolgerung zeien:
Verschidde Ministèren hunn hir Hausaufgabe gutt gemaach, verschidde Ministèrë mussen nach eng Schëpp bäileeën a bei zwee Ministèren, do geet eng Schëpp net méi duer, mee do muss schonn de Bagger geholl ginn.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.