Sport De Ben Gastauer hält op
Fir de Ben Gastauer ass dëst seng lescht Saison um Vëlo, dat huet seng Ekipp AG2R-Citroën haut matgedeelt. Den 33-Joer ale Schëfflenger fiert zënter 12 Joer fir déi franséisch Ekipp.
Säi leschten Optrëtt wäert beim Tour de Luxembourg vum 14. bis den 18. September sinn.
"Mam Teamchef hu mer eis arrangéiert, datt zu Lëtzebuerg meng lescht Course ass. Fir mech war et wichteg hei zu Lëtzebuerg opzehalen. Et ass eng schéi Course, eng grouss Freed op sengen eegene Strossen kënnen opzehalen, an d'Frënn a Famill sinn do bei der Arrivé, wat d'Sach och nach méi schéin mécht."
An der lescht war hie mat enger Blessur geplot, déi seng Decisioun mat beaflosst huet.
De Schëfflenger huet 2010 säin éischte Profi-Kontrakt bei der franséischer Formatioun ag2r ënnerschriwwen an huet sech séier zu engem wichtegen "Wasserträger" entwéckelt. An engem Interview 2017 mam radio 100,7 sot hien dozou: "Bei all Tour, deen ech matgefuer sinn, hate mir duerno een um Podium. Dat kann net jidderee vu sech behaapten."
2014 war hie mat AG2R bescht Ekipp am Tour de France, wou hien mat enger 21. Plaz och säi bescht Eenzel-Resultat bei enger Grand Tour agefuer ass. Op sengem Palmarès stinn ausserdeem den Tour du Haut-Var 2015 an d'Lëtzebuerger Championat am Contre-La-Montre 2012.