Radioen

On air

Sot Emol  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Belsch Atomkraaftwierker mat Sécherheetsmängel

Analys am Optrag vu Greenpeace Lëtzebuerg

Belsch Atomkraaftwierker mat Sécherheetsmängel

D'Atomkraaftwierker Doel 4 an Thiange 3 erfëllen net déi noutwenneg Sécherheetsstandarden. Dat geet aus enger Analys erivr, déi am Optrag vu Greenpeace Lëtzebuerg duerchgefouert gouf. Dat wichtegst Sécherheetszil wier d'Verhënnere vun enger grousser Fräisetzung vu radioaktive Stoffer am Fall vun engem Accident. Dëst wier, Greenpeace no, net garantéiert.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An engem Rapport vun der belscher Regierung iwwer d'Auswierkungen op d'Ëmwelt heescht et awer, datt Doel 4 an Tihange 3 zu de modernsten Atomkraaftwierker an der Belsch gehéieren an 2025 d'Sécherheetsufuerderungen nach eemol verschäerft géife ginn.

Net um aktuelle Stand vun der Technik

D'Physikerin Oda Becker, déi dëst am Optrag vu Greenpeace Lëtzebuerg kontrolléiert huet, behaapt, datt et trotzdeem nach ze vill Mängel gëtt. Trotz Verschäerfunge wier de Sécherheetsniveau net héich genuch.

"Die Konstruktionsmängel, die Auslegungsdefizite, die die Reaktoren haben, wurden nicht nachgerüstet, also dass sozusagen die Konstruktion geändert wurde, sondern es wurde ein Plan aufgestellt, dass die Betriebsmannschaft mit mobilen Geräten versuchen soll, bei einem Unfall Kühlung bereitzustellen und dann praktisch eine massive radioaktive Freisetzung zu verhindern."

Dëst géif net méi dem aktuelle Stand vu Wësseschaft an Technik entspriechen, betount d'Oda Becker.

D'Sich no Alternative feelt

Ausserdeem kritiséiert d'Oda Becker, datt déi belsch Regierung d'Nuklearenergie als déi eenzeg Alternativ duerstellt. D'Lafzäitverlängerung beschreift si als eng reng politesch Entscheedung.

"Das, was eigentlich erfolgen müsste - eine fachlich fundierte Prüfung von Alternativen, wie zum Beispiel Versorgung durch erneuerbare Energien, und was das für Umweltauswirkungen hätte - fehlt in der Umweltverträglichkeitsprüfung, obwohl das genau der Sinn einer UVP ist."

Greenpeace Lëtzebuerg wëllt elo mat hirer Analys un d'Lëtzebuerger Regierung eruntrieden a sech géint eng Lafzäitverlängerung vun den zwee belsche Reakteren ausschwätzen.

Nach bis den 20. Juni kann och d'Lëtzebuerger Populatioun iwwer en Online-Formulaire um Site vum Ëmweltministère hir Meenung soen a Suggestioune maachen.