Radioen

On air

Notturno  |  Wayne Shorter - Blues A La Carte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belaaschtungsprouf fir den Armin Laschet

Däitschland

Belaaschtungsprouf fir den Armin Laschet

Zwou Landtagswale stinn an Däitschland um kommende Weekend un: a Baden-Württemberg an a Rheinland-Pfalz gëtt gewielt. No de rezente Skandaler an der CDU stinn déi Konservativ besonnesch am Fokus. Fir de neie Parteichef Armin Laschet kéinten des Wale scho richtungsweisend ginn an den Toun setze fir de Rescht vum Waljoer 2021.

auto_stories

3 min

Wéi den Armin Laschet Mëtt Januar Chef vun der gréisster däitscher Partei gouf, hat e wuel mat vill gerechent. Mee sécherlech net domat, knapps zwee Méint méi spéit schonn an enger mächteger Kris ze stiechen. Dat ass awer elo d'Situatioun: d'Maskenaffär ëm zwee Uniounsdeputéiert am Bundestag huet seng Partei an e ganz schlecht Liicht geréckelt - an dat zum schlechtméiglechsten Zäitpunkt.

Wichteg Wale fir d'CDU

Well déi zwou Landtagswalen a Baden-Württemberg an a Rheinland-Pfalz hate sech déi Konservativ ganz déck, rout am Kalenner ugekräizt - aus verschiddene Grënn. Do wieren déi regional Aspekter: a Baden-Württemberg hat d'CDU gutt Chancen, déi Gréng nees als stäerkste Kraaft ofzeléisen an no zwou Legislaturperioden nees de Regierungschef ze stellen.

A Rheinland-Pfalz, wou d'CDU traditionell der SPD hannendru leeft, wollt den Armin Laschet dat erreechen, wat him a Nordrhein-Westfale scho gelongen ass - eng scheinbar iwwermächteg SPD vum Troun ze stoussen.

D'Maskenaffär huet der CDU awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Obwuel d'Partei alles dofir mécht ze kommunizéieren, datt se jo kloer Konsequenze gefuerdert hätt - de Schued fir d'CDU wäert erhieflech sinn.

Den aktuelle Sondagen no wäert d'CDU a Baden-Württemberg net vill Chance hu sech géint déi Gréng duerchzesetzen. An obwuel de Grénge Ministerpresident Winfried Kretschmann duerchaus dem konservative Lager zouzerechnen ass, ass net auszeschléissen, datt déi Gréng no zéng Joer mat der CDU och oppe fir aner Koalitiounspartner wieren.

Rheinland-Pfalz kéint méi eng knapp Course ginn. Eng Victoire géint déi amtéierend Ministerpresidentin Malu Dreyer géif den Ufank vun der Ära Laschet an der CDU retten. A se kéint den Toun setze fir de Rescht vun dësem grousse Waljoer.

Et steet vill um Spill

Sollt d'CDU ënner der Féierung vum Laschet der nämlech direkt bei zwou Landtagswalen op d'Fangere kréien, wäert hien zwar net als Parteichef schonn a Fro gestallt ginn, sécherlech awer als méigleche Kanzlerkandidat.

Wéi séier nämlech d'Gonscht kann dréinen, huet d'Virgängerin vum Armin Laschet bewisen. No hirer Wal zur Parteicheffin war d'Annegret Kramp-Karrenbauer mat héische Beleiftheetswäert innerhalb an ausserhalb vun der Partei gestart. Eng Rei kleng Skandaler an dunn dat schlecht d'Uniouns-Resultat bei der Europawal huet hire Momentum gestoppt. Wierklech erholl huet si sech dovun ni.

Wann ee sech ukuckt, wéi aktiv den Armin Laschet an dëse leschte Walkampfdeeg ass, bei Online-Meetings optrëtt a fir lokal Kandidate Reklamm mécht, da spiert een: den CDU-Chef weess, wéi vill dëse Weekend um Spill steet.