Am neien Text ronderëm d'Jugendstrofrecht hat d'Justizministesch am Ufank festgehalen, Jugendlecher vu 14 Joer u penal responsabel ze maachen. Dës Decisioun hat d'Justiz an hirem Avis schaarf kritiséiert a gefuerdert, de Mindestalter erofzesetzen. Dozou d'Sam Tanson:
"Dofir hu mir am Kader vun den amendements gouvernementaux, wou mir eben op d'Reaktioune vun den Autorités judiciaires agaange sinn, op ville Punkten och ee Schratt an hir Richtung gemaach a si vu 14 op 13 Joer erofgaangen."
Den Alter däerf net arbiträr fixéiert ginn
Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher an d'Mënscherechtskommissioun kënnen dës Decisioun net novollzéien. An hire jeeweilegen Avisen zum Gesetzesprojet hate si gefuerdert, de Strofmündegkeetsalter nees op 14 Joer eropzesetzen, wéi de Charel Schmit vum OKaJu erkläert.
"Deen Alter kann net arbiträr fixéiert ginn. Et muss gutt iwwerluecht sinn. An dofir ass et am Fong wichteg, datt deen Alter och de Recommandatioune vum Kannerrechts-Comité vu Genf entsprécht. An do ass den absolutte Minimum mat véierzéng Joer uginn."
Ob de Strofmündegkeetsalter elo op en Neits am Text muss ugepasst ginn, déi Decisioun soll um Enn an der Chamber geholl ginn. Den Ament stéing dat awer op alle Fall net zur Debatt, äntwert de President vun der Justizkommissioun a gréngen Deputéierte Charles Margue op eis Nofro hin.
"Och wa mir elo nei Avisen oder frësch Avisen hunn, de part et d'autre, ass déi Diskussioun awer elo, fir de Moment, net méi opzemaachen. Do gouf et Meenungsverschiddenheeten, do gouf eng Decisioun geholl, sou datt mir voll hannert dem Amendement stinn, wéi d'Justizministesch en eragereecht huet."
Een Ophiewe vum Fraktiounszwang?
Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher fënnt de Strofmündegkeetsalter wier letztendlech eng Gewëssensfro a géing sech an deem Sënn enger parteipolitescher Logik entzéien. Dofir sollt dem Charel Schmit no beim Vott vum Gesetzesprojet an der Chamber de Fraktiounszwang opgehuewe ginn.
"Fir datt all Deputéierte fräi ass, fir entweder de Recommandatioune vum Kannerrechts-Comité vu Genf am Fong no ze kommen, oder eben eng aner Richtung anzeschloen."
Op eis Nofro hin hu Vetrieder vun DP, déi gréng an LSAP aus der zoustänneger Kommissioun geäntwert, si wieren net der Meenung, datt een Ophiewe vum Fraktiounszwang den Ament néideg wier.
Si ginn iwwerdeems net dovunner aus datt d'Gesetzesprojete ronderëm de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht nach an dëser Legislaturperiod duerch d'Chamber ginn.