Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Luxair soll et net zu Entloossunge kommen

Prinzipiellen Accord fonnt

Bei Luxair soll et net zu Entloossunge kommen

Beim Grupp Luxair wäerte bis zu 600 Leit Personal vu Restrukturéierunge betraff sinn. Dës Zuel gouf de Mëtteg ugekënnegt, no der drëtter Ronn vun der Aviatiouns-Tripartite.

auto_stories

1 min

All Kéier ronn d'Hallschent vum betraffene Personal soll an d'Preretraite goen, respektiv soll an eng "Cellule de Reclassement" kommen. Zu Entloossunge beim Grupp Luxair soll et net kommen, esou d'Gewerkschaftsvertrieder vun OGBL an LCGB.

Am prinzipiellen Accord, deen haut an der sektorieller Tripartite fonnt gouf, gouf donieft ofgemaach, datt d'Acquisen aus dem Kollektivvertrag fir dräi Joer verlängert ginn. Bis et der Luxair besser geet, sollen et keng Lounerhéijunge ginn.

Elleng d'CDR-Struktur fir de Grupp Luxair wäert de Staat ronn 50 Milliounen Euro kaschten, esou de Minister François Bausch.

Den definitiven Accord soll a gutt engem Mount, den 9. November ënnerschriwwe ginn.