Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bei Goodyear zu Colmer-Bierg sollen 55 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn

Goodyear

Bei Goodyear zu Colmer-Bierg sollen 55 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn

Bei Goodyear zu Colmar-Bierg solle 55 Aarbechtsplazen am administrative Beräich ofgebaut ginn. Dat wier am Betrib vun der Direktioun annoncéiert ginn, heescht et vum OGBL. Beim Pneueproduzent schaffen zu Lëtzebuerg 3.500 Leit.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De Stefan Osorio vum Syndikat Chimie vum OGBL krut d' Zuel vun den Aarbechtsplaze vun den Delegéierten am Betrib confirméiert. 55 Plaze sollen ofgebaut ginn.

Den LCGB, deen d'Majoritéit an der Personaldelegatioun huet, schwätzt vu ronn 50 Aarbechtsplazen, déi kéinte betraff sinn. D'Delegatioun hätt eng Demande un d'Direktioun fir eng Entrevue gemaach. Ee Rendez-vous ass nach net fixéiert. D'Direktioun soll gëschter op enger Versammlung gesot hunn, de LCBG an den OGBL an de nächsten Deeg ze kontaktéieren.

Gewerkschafte fuerdere Plan de Maintien dans l'emploi

Den LCGB fuerdert wéi och den OGBL ee Plan de Maintien dans l'emploi. Scho virun iwwer zwee Joer hätt een sou ee gehat, deemools ass et em 100 Aarbechtsplaze gaangen, erkläert de stellvertriedende Generalsekretär vum LCGB, Robert Fornieri,

"Ca c'était passé dans très bonnes conditions, ils respectent clairement l'engagement de chacun et le dialogue social de qualité que nous avons sur le site. Donc on revendique clairement de garder le même modèle."

D'Direktioun selwer war fir eng Stellungnam net ze areechen.

Deel vun enger Reorganisatioun

De geplangte Plazenofbau hei am Land ass Deel vun engem gréisseren Ofbau vun 1.200 Aarbechtsplazen am administrative Beräich bei Goodyear. Betraff si Plazen a ganz Europa, dem mëttleren Osten an Afrika.

An engem Dokument, dat dem 100,7 virläit, steet, datt de Plazenofbau Deel vun enger Reorganisatioun ass, mat där Goodyear méi wéi 100 Milliounen Dollar pro Joer spuere soll. Nieft dem Ofbau sollen awer och 500 nei Plaze geschafe ginn. Dat wier eng Reduktioun vu 15 Prozent vun den Aarbechtsplazen, heescht et am Schreiwes.