Radioen

On air

De Moien  |  NxWorries - Daydreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Selbstbestëmmung

Soziales

Méi Selbstbestëmmung

An de leschte 24 Joer si behënnert Leit méi selbstbewosst gi mat Revendicatiounen op e selbstbestëmmtent Liewen. Dee Constat mëscht de Silvio Sagramola, deen d'Informatiounsplattform "Info-Handicap" zënter 1993 geleet huet an elo an d'Pensioun geet. Lëtzebuerg hätt awer Retard.

auto_stories

2 min

"Wéi ech mat Info-Handicap ugefaangen hunn, gouf et eng medezinesch Vue op den Ëmgank mat Behënnerten", seet den Silvio Sagramola. Et wier deemools drëm gaangen, d'Leit gutt ze versuergen: Ze kucken, datt et hinnen un näischt feelt an datt hinnen näischt geschitt. Haut géif de Concernéierten eng eege Verantwortung zougestane ginn. Et wier erkannt ginn, datt si eng Méiglechkeet missten hunn, hir Talenter ze entfalen.

Lëtzebuerg wier awer hannendran. D'Diskussioun ëm "eege Verantwortung" hätt méi spéit ugefaangen ewéi am Ausland. Och do wier nach net ëmmer alles gutt, seet de Silvio Sagramola, mee d'Diskussioun wier méi ausgeräift, an deemno kéint méi zielstrebeg geschafft ginn.

D'Politik huet en oppent Ouer, mee...

Et gëtt hei am Land eng grouss Sensibilitéit fir Leit mat Behënnerung, seet de Silvio Sagramola, "och an der Politik".

Et wier awer eng Saach vun Prioritéiten: Dacks géif d'Fro gestallt ginn, wéi vill Leit iwwerhaapt concernéiert wieren an ob den Opwand sech lount.

An de leschte 24 Joer wieren d'Leit mat Behënnerung méi selbstbewosst ginn, och fir Fuerderungen ze stellen. Den Optimum fir de Silvio Sagramola wier gewiescht, bei senger Pensioun ze soen, datt si d'selwecht kënne liewen, wéi di aner: Eng Wunneng, Aarbecht fannen an dat maache kënnen, wat si wëllen. Dat Zil wier awer nach e Stéck ewech.

Neien Direkter vun Info-Handicap ass den Oliver Grüneisen.


Den Interview vum Sophie Morang mam Silvio Sagramola:

Silvio Sagramolaplay_arrow