Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beetebuerg: CSV an LSAP schléisse Koalitioun mat ADR aus

Gemengewahlen

Beetebuerg: CSV an LSAP schléisse Koalitioun mat ADR aus

Eng Koalitioun mat der ADR keim fir si net a Fro, esou d'Spëtzekandidaten vun der CSV an der LSAP zu Beetebuerg. All déi aner Koalitiounsoptiounen halen de Laurent Zeimet (CSV) an de Guy Frantzen (LSAP) sech awer op.

auto_stories

2 min

D'LSAP ass zënter 30 Joer déi dominant Partei an der Gemeng Beetebuerg: 24 Joer laang haten d'Sozialisten eng absolutt Majoritéit. Och bei de leschte Gemengewahlen 2011 war d'LSAP mat Ofstand déi stäerkst Partei. Trotzdeem gëtt Beetebuerg zënter sechs Joer vun enger Dräierkoalitioun aus CSV, déi Gréng an DP dirigéiert.

Den aktuelle Buergermeeschter wëllt sech awer net festleeën op dat och no de Gemengewahlen sou bleift: "Den 8. Oktober si Wahlen. Jidderee geet elo mat senger Partei a mat senger Equipe an d'Wahlen. Dann decidéieren d'Leit, an da muss ee kucke wéi d'Wierfelen gefall sinn," sou de Laurent Zeimet. Och eng Koalitioun mat der LSAP schléisst hien net aus. Dat géif awer dovun ofhänken op et genuch inhaltlech Gemeinsamkeete gëtt.

D'LSAP wëllt eng absolut Majoritéit

Den LSAP-Spëtzekandidat Guy Frantzen seet iwwerdeems, seng Partei hätt als "éischt Zil" stäerkst Partei ze bleiwen, am beschte mat enger absoluter Majoritéit. Wann dat net geléngt, da wär eng Koalitioun mat der CSV, déi Gréng oder der DP net ausgeschloss.

De Guy Frantzen geet als Spëtzekandidat an d'Wahlen, obwuel mam Roby Biwer och e fréieren Beetebuerger Buergermeeschter op der LSAP-Lëscht steet. D'Partei hätt dee Choix "am Konsens" getraff, well een e "Renouveau" gebraucht hätt, sou de Guy Frantzen. Den neie Spëtzekandidat ass 60 Joer al, a souz och schonn ënnert dem Roby Biwer am Gemengerot. De Guy Frantzen seet, trotz "Renouveau", wär et der LSAP wichteg gewiescht "e Mann mat Erfarung" als Spëtzekandidat ze designéieren.