Klimawandel Bauerenzentral: CO2-Reduktioun machbar an der Landwirtschaft
D'Bauerenzentral ass der Meenung, datt d'Zukunft vun de Bauere wéinst dem Klimawandel nach méi ongewëss gëtt. Esou reagéiert den Direkter vun der Bauerenzentral op den neie Weltklimarapport. De Weltklimarot IPCC ass dës Woch zur Konklusioun komm, datt déi vum Mënsch provozéiert Äerderwiermung weltwäit éischt Spueren hannerléisst. D'Zäregasen-Emissioune missten drastesch reduzéiert ginn, fir de Klimawandel an de Grëff ze kréien.
Zu Lëtzebuerg mécht d'Landwirtschaft eng 7 Prozent vun den aktuellen Zäregasen-Emissiounen aus. Bis 2030 muss de Secteur eng Reduktioun vun 20 Prozent vu senge CO2-Emissioune Ronn kréien.
Well d'Baueren all Dag mat an an der Natur schaffen, ass sech den Direkter vun der Bauerenzentral Laurent Schüssler sécher, datt d'Lëtzebuerger Baueren d'Bereetschaft an d'Bewosstsinn hätten, sech der Erausfuerderung Klimawandel ze stellen.
Verschidde Pistë méiglech
Fir bis 2030 dat sektoriellt Zil vun enger Reduktioun vun 20 Prozent vun den Zäregasen-Emissiounen ze erreeche wieren an der Landwirtschaft verschidde Pistë méiglech - iwwer d'Fudder fir d'Véi, en optimiséierten Zwischenanbau a Gülleausbréngunge méi no um Buedem, eppes, wat och schonn deelweis gemaach géif ginn.
D'Reduktioun vun den CO2-Emissioune wier och eng Fro vun Effizienz. De Laurent Schüssler gesäit do fir d'Fuerschung eng wichteg Roll, mee et misst een och an der kuerzfristeger Zukunft de Beräich méi fërderen: "An dat geet net eleng, dat geet just mat Hëllef vum Staat."
Vun de ronn 2.000 Baueren am Land sinn déi meescht an der Fleesch- a Mëllechproduktioun aktiv. En Ofbau vum Koubestand zu Lëtzebuerg wier awer net déi richteg Stellschrauf fir d'Zäregasemissiounen ze reduzéieren:
"Wa mir de Véibestand hei am Land reduzéieren dann importéiere mir et. Mir importéieren et eventuell aus engem Land, aus enger Regioun wou den ökologesche Foussofdrock nach manner avantagéis ass ewéi hei am Land an dann hu mir näischt geschafft."
Et misst een eng gewëss Liewensautonomie am Land behalen.
D'Landwirtschaft wier prett hiren Deel ze maachen - mee et géing nëmmen zesummen, am Dialog an net ouni staatlech Ënnerstëtzung goen, esou nach de Laurent Schüssler.