D'Funktioun vum Bannhidder wier am Gemengegesetz verankert, esou de Steve Hatto, President vun der Associatioun vun den agents municipaux an gardes champêtres (ASAM). E Bannhidder wier zoustänneg fir déi lokal Gesetzer a Policereglementer ze kontrolléieren, kéint Protokoller schreiwen an hätt verschidde Police-Pouvoiren.
Der Police de Réck fräihalen
Et wier awer net un den Agents municipaux an de Gardes champêtres fir d'Drogeproblematik ze bekämpfen. Dës Agente kéinten agesat ginn, "bei deem, wat d'Politik esou gären déi kleng Incivilitéiten nennt, Saachen op Gemengenniveau", esou de Steve Hatto. Domat hale si der Police de Réck fräi, fir sech ëm Problemer wéi d'Drogeproblematik kënnen ze këmmeren.
De Steve Hatto bedauert, datt d'Stad Lëtzebuerg bis haut nach kee Beamte mat esou enger Funktioun agestallt hätt. Ee Grond kéint sinn, datt d'Gemeng keng eege Responsabilitéit wéilt huelen, spekuléiert de President vun der ASAM.
Nach keng Bannhidder an der Stad Lëtzebuerg
An de leschten zéng Joer hätt d'ASAM d'Stad Lëtzebuerg reegelméisseg drop opmierksam gemaach, datt d'Gemeng d'Moyenen hätt fir hir Beamten als Bannhidder auszebilden an anzestellen. Dat wier awer ëmmer ofgeleent ginn.
"Mir kruten d'Ausso, datt et do juristesch Insecuritéit géif ginn. Entretemps huet et gutt evoluéiert, well vill Gemengen hunn et ëmgesat, esou datt dat Argument ewechgefall ass. Duerno ass sech hanner diverse Projets de loi verstoppt ginn, déi an der Maach wieren, an déi awer schonn zanter 20 Joer an der Maach sinn, an ech mengen déi leschte Kéier sote si, et wier een den Ament net bereet op dee Wee ze goen, ouni weider Erklärung."
An de leschten zéng Joer wier d'Unzuel u Gardes champêtre an deenen anere Gemenge geklommen. Mëttlerweil wiere ronn 80 Stéck an 28 vun de 35 Gemengen aktiv. Zanter engem Joer kéinten d'Gemengebeamten dann och zu Bannhidder forméiert ginn, seet de President vun der ASAM.