Nicolas Schmit "Bannent 100 Deeg eng Propos fir den europäesche Mindestloun"

D'Europaparlament huet haut gréng Luucht ginn, fir déi nei EU-Kommissioun ënnert der Presidentin Ursula von der Leyen. Domat ass den aktuellen LSAP-Europadeputéierten Nicolas Schmit als EU-Kommissär fir den "Emploi a sozial Rechter" confirméiert. Als éischt geet hien den Dossier vum soziale Mindestloun an der EU un.

Danièle Weber / cz

Danièle Weber an Nicolas Schmit
D'Danièle Weber am Gespréich mam Nicolas Schmit

Wéi huet de Nicolas Schmit d'Ried haut am Europaprlament vu senger neier Chefin, der Ursula von der Leyen fonnt? A wéi stabil ass d'Majoritéit, déi déi nei Kommissioun haut krut?

Lauschtert dee ganzen Interview mam Nicolas Schmit.


Datt säin Titel, deen um Ufank just "jobs" geheescht huet, op Drock vun der Fraktioun vun de Sozialisten ëmgedeeft gouf, wier wichteg gewiescht, seet de Nicolas Schmit.

Datt hien elo och Kommissär fir "Sozial Rechter" an net just "Sozial Affären" ass, wier "ee Bekenntnis zu engem sozialen Europa, sou wéi dat nach ni gemaach ginn ass".

Éischt Rees an Dänemark a Schweden

Als éischt geet de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister den Dossier vun de Mindestléin an Europa un.

"Et geet drëms fir een europäesche System auszeschaffen an dofir ze suergen, datt d'Mindestléin esou héich sinn, dat een dovu ka liewen", sou de Nicolas Schmit.

Op senger éischter Rees als EU-Kommissär wäert hien an Dänemark a Schweden fueren, fir driwwer ze schwätzen, wéi Kollektiv-Vertragswiesen a Mindestloun optimal kënne matenee verbonne ginn. "Et sollt kloer sinn, datt de System vun de Kollektiv-Verträg net geschwächt soll ginn, duerch eng europäesch Propos", seet de Nicolas Schmit.

De Nicolas Schmit huet mat ofgestëmmt

Den Nicolas Schmit ass de Moment nach Europadeputéierten an huet haut, wéi zwee aner Deputéiert, déi EU-Kommissär ginn, och mat ofgestëmmt am Europaparlament. "Ech hu fir eng Kommissioun gestëmmt, wou ech effektiv Member sinn". Dat wier ganz normal an et wier dorëms gaangen "ze weisen, datt ech an enger Fraktioun sinn, déi largement fir déi Kommissioun gestëmmt huet. Well ech nach Deputéierte sinn, an och stolz drop sinn, dat ze sinn, hat ech kee Probleem domat un deem Vott deelzehuelen."


Et kéint an Zukunft méi schwiereg ginn, wéi beim Vote vun der Kommissioun e Mëttwoch, fir a verschiddenen Dossiere Majoritéiten am Europa-Parlament opzebauen, seet den Nicolas Schmit.

Dofir misst den Dialog mat de verschiddene Fraktiounen an Zukunft intensiv sinn. "Dat ass eng politesch Aarbecht déi dagdeeglech muss gemaach ginn. Dat ass awer och een Deel vun där europäescher Demokratie." Hie wier awer optimisteg, datt een Europa wäert kënnen handlungsfäeg halen, "wann dat net de Fall ass, da gi mer an eng geféierlech Zon".

Méi zum Thema

Europaparlament
Lutte géint de Klimawandel

Kuerz virun der nächster Welt- Klimakonferenz, wëllt d'Europaparlament proposéieren, den État d'urgence en vue vum Klima- an Ëmweltschutz auszeruffen. De Virschlag ass awer net onëmstridden.

Fändele vun der EU virum Berlaymont-Gebai
EU-KOMMISSIOUN

De Jean-Claude Juncker ka weider ee Büro am Kommissiounsgebai zu Bréissel notzen, och nodeems hien net méi President vun der Kommissioun ass. Déi Reegel ass nei, si gëllt fir fënnef Joer.

Ursula von der Leyen Analys
Europäesch Unioun

Déi nei EU-Kommissioun gouf d'lescht Woch presentéiert, an et goufe schonn direkt e puer Kontroversen. Eng Analys vum Olivier Orion, RTBF-Europakorrespondent zu Bréissel.

D'Ursula von der Leyen
Presidence vun der EU-Kommissioun

D'Ursula von der Leyen huet an enger Ried am Europaparlament hir Iddie presentéiert. Et war hir lescht Chance méiglechst vill Deputéiert fir sech ze gewannen. Nach ass onkloer, ob et duer geet.

Ursula von der Leyen. Exklusiv
Kandidatin Ursula von der Leyen

D'Ursula von der Leyen hätt gär, datt all national Regierung souwuel eng Fra wéi och ee Mann als EU-Kommissär proposéiert. Zil wier eng Kommissioun mat 50 Prozent Fraen a 50 Prozent Männer.

Big Crunch - Euranet Plus Presidential Debate with European Commission presidential candidates.
#EuranetPlusSummit2019

Den Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zitt e Bilan vun der Aarbecht, déi d'EU-Kommissioun déi lescht fënnef Joer geleescht huet an hie stellt sech de Froe vum Reseau Euranet Plus.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen