Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Banke-Kris: EU probéiert ze berouegen

EU-SOMMET

Banke-Kris: EU probéiert ze berouegen

D'Europäesch Banke si stabil. Dat ass de Message, dee vum EU-Sommet kënnt. Während de Cours vun der Deutschen Bank deels abrécht, versécheren d'EU-Staats- a Regierungscheffen, datt de Bankesecteur robust ass. De Plang fir weider Reformen stécht trotzdem fest.

auto_stories

2 min

Déi 27 Staats- a Regierungscheffen haten um zweeten Dag vum EU-Sommet eng Entrevue mat der Cheffin vun der Europäescher Zentralbank.

Lagarde: Europäesch Banke si robust

Vun der Chritine Lagarde gouf et virun allem ee Message, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nom EU-Sommet.

"Mir krute wierklech d'Confirmatioun datt europäesch Banke stabil sinn, robust sinn an datt déi Reegelen déi mir eis ginn hunn, och wa si hinnen heiansdo op d'Nerve ginn, schonn néideg sinn. Et ass dee Message vu Stabilitéit, dee mer vun den Autoritéiten hei zu Bréissel erkläert kritt hunn."

Scholz: Kee Grond sech Suergen em d'Deutsche Bank ze maachen

Um Freideg gouf et dann awer och d'Nouvelle vum Abroch vum Cours vun der Deutschen Bank. Ass si dee nächste Crédit Suisse? Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz wénkt of.

D'Deutsche Bank hätt hir Geschäftsgrondlag moderniséiert a wier eng profitabel Bank. Fir hie géif et kee Grond gi fir sech dowéinst Gedanken ze maachen.

Fir de franséische President Emmanuel Macron handelt et sech éischter ëm eng Attack vu Spekulanten. Hie erkläert, datt een een Ënnerscheed tëschent dem spekulative Verhale vun den Acteuren déi kuerzfristeg Geld verdénge wëllen an de fundamentalen Daten déi ënnert enger strenger Opsicht an deene leschte Joren hir Robustheet bewisen hätt maachen.

EU-Banken- a Kapital-Unioun: Reform soll virugedriwwe ginn

An der EU ass ee schonn zanter 2015 am gaangen un engem Renforcement vun der Banken a Kapital-Unioun ze schaffen. Net eens gëtt ee sech ënner anerem iwwert een europäesche System fir Despoten z'assuréieren. Däitschland mécht Oppositioun, well do gefaart gëtt, datt d'Récklage vun den däitsche Banken eventuell missten hinhalen, fir aneren ënnert d'Äerm ze gräifen.

Den Echange war wichteg, och wann et op dësem Sommet, dat huet de Premier zouginn, net zu engem Duerchbroch koum. D'Reforme wieren um Wee , sou de Xavier Bettel.

"Do sinn Texter ënnerwee, d'Kommissioun ass am gaangen u Proposen ze schaffen an ech mengen, datt do déi néideg Zäit nach gebraucht gëtt, fir dat ze finaliséieren."

Déi kollektiv Efforte fir mat där Reform virunzekommen, misste verstäerkt ginn, heescht et an de Konklusioune vum EU-Sommet.