Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Weak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bail à Loyer: Gesetzesprojet an der Kritik

Syvicol an CSL

Bail à Loyer: Gesetzesprojet an der Kritik

D'Mietgesetz muss dem Locataire d'Méiglechkeet ginn ze iwwerpréiwen, ob de Loyer korrekt berechent gëtt, seet d'Chambre des salariés. De Gesetzesprojet vum Minister Henri Kox iwwer de Bail à Loyer misst nogebessert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance/dpa

Am Gesetz iwwer de Bail à Loyer vun 2006 stoung schonn dran, datt de Loyer maximal bei fënnef Prozent vum investéierte Kapital dierf leien. Dëst gouf zu engem Ament festgeluecht, ewéi d'Zënse méi héich waren ewéi haut.

CSL: Berechnung vum maximale Loyer änneren

Et gëtt dowéinst vill méi potentiell Investisseuren, déi um Immobiliëmaart present sinn, well se hir Sue besser wëllen uleeën ewéi um Bankkonto. De Maart ass iwwerhëtzt, an déi Fënnef-Prozent-Reegel huet och een Impakt op d'Loyeren, warnt de Claude Roeltgen vun der Chambre des salaries.

Dowéinst wier et hinne wichteg, d'Berechnung vum maximale Loyer ze änneren. D'Prioritéit dierf net de Rendement vum Investisseur sinn, mee "datt d'Loyere rëm an eng Linn bruecht gi mat der Kafkraaft vun de Locatairen".

Am Mietkontrakt, sou ewéi de Logementsminister Henri Kox dat virgesinn hat, kënnt drastoen, datt de Loyer maximal bei fënnef Prozent vum investéierte Kapital pro Joer dierf sinn, mee de Proprietär muss net dra präziséieren, wéi héich dee Capital investi iwwerhaapt ass. Et sinn och keng Sanktioune virgesinn.

De Gesetzprojet gesäit iwwerdeems fir, datt e Proprietär bei enger Wunngemeinschaft, net méi Loyer fir eenzel Zëmmer ka verlaangen ewéi wann nëmmen ee Locataire an där Wunneng géif liewen.



Syvicol: National Mietkomissioun opsetzen

Den Emile Eicher, President vum Syvicol, sträicht och ervir, datt bei Gebaier, déi eng duebel Funktioun hunn, et schwéier ass, de Capital investi nozevollzéien.

Besonnesch kritesch ass d'Chambre des salariés vis-à-vis vum Henri Kox sengem Gesetzesprojet, well de Wäert vun enger Wunneng, op deen de Loyer ka berechent ginn, bei enger Donatioun oder Ierfschaft séier an d'Luucht geet.

De Syvicol hätt gären, datt d'Gemengen am Virfeld Bescheed wéisste vun enger Locatioun, sou datt een den Zoustand vun der Wunneng kéinte kontrolléiere goen, seet den Emile Eicher.

Wichteg wier et och, datt d'Mietkommissiounen op de Leescht geholl ginn an datt eng national Mietkommissioun agesat gëtt. Doduerch kéint ee fir regiounsonofhängeg Koherenz, méi Routine an zousätzlech Sécherheet suergen, esou den Emile Eicher.

Zu den Avise vun der Chambre des salariés an dem Syvicol iwwer d'Reform vum Mietegesetz wëllt de Logementsminister Henri Kox sech fir den Ament net äusseren. Et géif een d'Diskussioun net op Basis vun engem Avis féieren.

Et muss een deemno elo ofwaarden, wéi sech d'Chamber par Rapport zum Gesetzesprojet iwwer de Bail à loyer vum Henri Kox positionéiert.