D'Héichschoul, déi sech op d'Beräicher Physiotherapie, Sportwëssenschaften an International Sport Management spezialiséiert, wier fir den Ament nach net grouss genuch, fir eng universitär Fuerschung ze bedreiwen, esou den neie Generaldirekter Holger Korte.
"A Lëtzebuerg gëtt ee eréischt als Universitéit unerkannt, wann een zéng Professeren an 30 fest ugestallte Mataarbechter huet. Dat ass awer net méiglech, wann ee wéi mir nei ufänkt. Et ass e Wee op deem mir eis befannen."
"Mir bauen op d'Léier op"
Hire wichtegsten Optrag wier dohier och eng anstänneg Léier opzebauen a sech fir d'éischt dorop ze konzentréieren. Dono géif dann d'Fuerschung kommen, esou den Holger Korte. D'Studente géife sech fir déi 600 Euro de Mount, déi se fir hire Studium bezuelen, eng gewësse Qualitéit vu Coursen erwaarden an et wier der Héichschoul hir éischt Prioritéit deem no ze kommen.
Nodeems de Christian Alt kuerz virum Summer duerch den Holger Korte als Generaldirekter ersat ginn ass, huet elo och de President, de Professer Axel Urhausen, sech den éischten Oktober zréckgezunn.
Bis elo gëtt et nach keen neie President
"Ech denken, datt seng Demissioun mat perséinleche Grënn ze dinn huet. Den Axel Urhausen huet sech wahrscheinlech och geduecht, datt de Wee zu enger richteger Universitéit méi séier géif kommen," seet den Holger Korte.
Bis elo gëtt et nach keen neie President, den Axel Urhausen géif awer weiderhin als Fuerscher an als Enseignant op der Lunex Universitéit schaffen.
"Mam Axel Urhausen gouf ausgemaach, datt mir iwwer den Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) an d'Fuerschungsinstituter och mam Daniel Theisen kooperéieren. Eischt Kooperatioune ginn elo ausgemaach."
Och wann den Enseignement fir den Ament Prioritéit hätt, géif awer weider Fuerschung op der Lunex bedriwwe ginn. Ënnert anerem als Partner vum Lëtzebuergeschem Elitesport, esou de Generaldirekter vun der Héichschoul.
Et stinn nach vill Froen op
Dës Zesummenaarbecht géing awer elo anescht ausgesinn, ewéi een sech dat am Ufank erhofft hat, sot eis op Nofro hin den Heinz Thews, Sportdirekter vum Lëtzebuerger Olympesche Comité. Virun allem beim geplangte Fuerschungszenter zu Déifferdeng géifen nach vill Froen opstoen.
An dësem Labo, dee vum Sportsministère an Zesummenaarbecht mam Comité Olympique a mat der Gemeng Déifferdeng zu Uewerkuer soll entstoen, wäert ënner anerem am Kader vum "Luxembourg Institute for High Performance in Sports" gefuerscht ginn. Den Heinz Thews seet, datt de Comité Olympique sech am Ufank virgestallt hat, datt d'Lunex de Fuerschungsvolet vum Lëtzebuerger Spëtzesport iwwerhuele géif. Et hätt sech awer eraus gestallt, datt dat ënnert där Form net méiglech wier.
Ginn et an Zukunft ze vill Kinéen?
Duerch d'Lunex Universitéit zu Déifferdeng géifen net ze vill Kinéen op de Lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart kommen, esou den neie Generaldirekter Holger Korte. De gréisste Studiegang vun der privater Héichschoul ass mat ronn 140 Studenten d'Physiotherapie. D'Kinésassociatioun ALK hat dowéinst Bedenken, datt et doduerch an Zukunft ze vill Kinéë kéinte ginn. 85% vun de Physiotherapie-Studente wieren awer aus Frankräich, esou den Holger Korte.
Bei enger rezenter Ëmfro, déi d'Héichschoul bei hire Studente gemaach hätt, wier erauskomm, datt de Gros vun de Fransousen, déi op der Lunex studéieren, duerno a Frankräich wéilte schaffen.
A Frankräich géing et e grousse Bedarf u Kinéë ginn. Mä et wier schwéier eng Studieplaz ze kréien, wouduerch vill Fransousen op Lëtzebuerg géife kommen, esou de Generaldirekter vun der Lunex.