Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Tarkovski

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Awunner wiere sech géingt geplangten Hotel zu Rodange

Biergerinitiativen zu Rodange

Awunner wiere sech géingt geplangten Hotel zu Rodange

De geplangte Bau vun engem Hotel an engem separate Wellness zu Rodange am Doihl stéisst bei den Awunner op Widderstand. Gläich zwou Biergerinitiativen hunn dofir op eng Informatiounsversammlung gëschter Owend invitéiert. Den Hotel géing direkt nieft enger Natura 2000 Zon gebaut ginn, esou d'Kritik. De Péitenger Buergermeeschter Pierre Melina war net op dëser Informatiounsversammlung. D'Gemeng hat well e Mëttwoch mat engem Schreiwes reagéiert.

auto_stories

3 min

Vill Leit hate sech zu Rodange am Doihl versammelt. (Foto: jod)

Den Hotel soll eng Mëschung tëscht Familljenhotel a Jugendherberg ginn. De Projet ass op knapp 60 Zëmmer ausgeluecht an soll eng Surface vun 3.200 Metercarré anhuelen. Niewendrun well d'Gemeng och ee Wellness bauen.

Ëmweltetüd veraalt an net méi relevant

Den Terrain, op dem dat alles soll gebaut ginn, ass vun enger Natura 2000 Zon ëmginn. Dat ass de Bierger een Dar am A. Si kritiséieren den Ëmgang mam Naturschutzgesetz.

Eng Etüd, déi den eventuellen Impakt vum Hotel op d' Ëmgéigend analyséiert huet, staamt aus dem Joer 2010. Mëttlerweil hätte sech d'Ëmweltoplagen awer geännert, sou datt dës Etüd u Relevanz verluer hätt, esou den Henri Krecké. Hien ass de Spriecher vun der Biergerinitiativ Doihl.

Naturschutz wier e Friemwuert fir d'Gemeng Péiteng, esou den Henri Krecké. Ausserdeem géing de Projet een negativen Afloss op d'Fliedermais huelen, déi do ze fanne sinn.

Gemeng Péiteng reagéiert

De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina war gëschter Owend net am Doihl. Dofir hat de Péitenger Schäfferot well e Mëttwoch mat enger schrëftlecher Stellungnam op d'Informatiounsversammlung reagéiert.

Wéi et an dësem Schreiwes heescht, wier d'Decisioun, dësen Hotel ze bauen, scho virun 12 Joer unanime am Gemengerot geholl ginn. D'Gemeng léisst d'Kritik vun de Biergerinitiativen net gëllen a verweist op den aktuelle PAG, den d'Urbaniséierung vun dësem Areal virgesäit:

"L'hôtel critiqué par vos associations ne sera nullement construit dans une zone verte, ni dans une zone destinée à rester libre (52 % du territoire de la commune) mais sur un terrain (no cadastral 1395/8128) dans le prolongement de la rue de la Minière à Rodange, classé en zone de sport et de loisirs avec séjour (REC-as), une zone faisant partie des zones urbanisées ou destinées à être urbanisées (48 % du territoire de la commune) selon le Plan d'aménagement général de la Commune de Pétange."

Nieft dem Hotel ass awer och nach ee Wellness um selwechte Site geplangt. Am Géigesaz zum Hotel ass hei awer d'Gemeng selwer de Bauhär. Och dëse Projet leit an enger Zon, déi urbaniséiert soll ginn.

Biergerinitiative bidden alternativ Proposen

Béid Biergerinitiative fäerten, datt den Eck duerch de Projet géing "zerfleescht ginn", esou den Henri Krecké. Fir awer net just Kritik ze üben, ginn och Alternative proposéiert. Een alternative Site wier d'Friche "TRAX" just e puer honnert Meter méi südlech. Eng aner Propose wier, datt een den Hotel direkt nieft der PIKO Schwëmm géing bauen.

Da wier een zwar nach ëmmer no un der Natura 2000 Zon drun, mee wéinstens géing den Impakt op d'Fliedermais reduzéiert ginn, seet den Henri Krecké. Dofir wier ee bereet, och nach méi wäit ze goen, falls d'Gemeng keng Kompromësser géing agoen. Souguer bis op den Europäesche Geriichtshaff huet et gëschter Owend geheescht.