Eng Politik "de gauche et de droite": den Emmanuel Macron bleift senger Devis trei. De franséische Staatschef schéngt sech awer a sengem Walprogramm éischter vu senge rietse Konkurrenten ze inspiréiere wéi vun der Gauche.
Propose sinn net onëmstridden
Hie wëllt de Pensiounsalter ëm dräi Joer verlängeren, d'Aarbechtslosegeld RSA mat enger professioneller Aktivitéit vu mindestens 15 Stonnen d'Woch verbannen, an d'Immigratiounspolitik soll verschäerft ginn.
Vill humanitär Organisatioune weise sech iwwer dem Emmanuel Macron säi Walprogramm beonrouegt.
2017 hat den Emmanuel Macron nach dofir plädéiert, manner op Atomkraaft ze setzen - haut huet sech seng Vue staark verännert: sechs nei Atomreaktere solle gebaut ginn. Zousätzlech solle 50 nei Wandparke Frankräich méi onofhängeg maachen.
Ëffentlech-rechtlech Medien net méi iwwer Taxe finanzéieren
Den Emmanuel Macron versprécht d'Ofschafe vun de Taxe fir ëffentlech-rechtlech Medien, änlech wéi seng Konkurrente Valérie Pécresse, Marine Le Pen, an den Éric Zemmour.
Déi ëffentlech-rechtlech Medie wéi "Radio France" a "France Télévision" sollen zwar wieder onofhängeg bleiwen. Wéi se allerdéngs finanzéiert solle ginn, bleift onkloer.