Ukrainesch Refugiéen Ausseminister: Um Kierchbierg gëtt eng Zelt-Struktur fir Refugiéen opgebaut

4.069 Leit aus der Ukrain hu bis elo hei am Land eng Demande fir internationale Schutz gemaach: 1.040 vun hinnen hunn dee Statut schonn accordéiert kritt. Dës Zuelen huet de Jean Asselborn de Méindeg genannt. Den Immigratiounsminister huet vun enger "gewësser Accalmie" geschwat, well d'lescht Woch nëmmen nach 350 Leit esou eng Demande gemaach haten. Dat waren der däitlech manner wéi déi béid Woche virdrun. D'Installatioun vu weidere Strukture fir d'Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen geet iwwerdeems virun.

Serge Kesseler / cz

Jean Asselborn
Foto: Archiv

Lauschteren

Aus Sécherheetsgrënn ass et net méiglech déi geplangten Opfankstruktur zu Conter fir Flüchtlingen aus der Ukrain séier opzemaachen. Dat huet den Immigratiounsminister Jean Asselborn de Méindeg erkläert. Et kéint bis zum Enn vum Joer daueren, bis d'Hal zu Conter, an där bis zu 500 Mënsche kéinten hébergéiert ginn, disponibel wier.

Zelt-Struktur um Kierchbierg soll bis Enn der Woch stoen

An dëser Struktur zu Conter hätten déi Leit solle opgeholl ginn, déi nach bis den 11. Abrëll an der Hal 7 vun der Luxexpo um Kierchbierg sinn.

Als Ersatz huet de Regierungsrot e Freideg decidéiert, datt um grousse Parking tëschent der Avenue Kennedy an der Rue Tony Rollmann um Kierchbierg, an den nächsten Deeg eng Struktur mat bis zu 500 Better soll opgebaut ginn, fir den éischten Accueil vun de Flüchtlingen.

Do géif momentan den Terrain preparéiert ginn, fir bis Enn der Woch eng Zelt-Hal opzeriichten, sou de Jean Asselborn.

Weider Strukturen zu Gaasperech, Iechternach an Nouspelt

Déi ronn 1.000 Leit aus der Ukrain, déi de Schutz-Status scho kritt hunn, sollen a spezielle Strukturen ënner kommen. Dozou gehéiert dat fréiert Gebai vum Grupp Saint-Paul zu Gaasperech.

"Och do ass virgesinn - dat dauert elo villäicht nach e Mount - mee datt mer och do bis zu 200 Leit kéinten era kréien. Do géife lauter Leit era kommen, déi dann d'Protection temporaire hunn an da selbstverständlech eng länger Zäit kéinten do bleiwen."

190 Leit mam Status sollen an een Hotel op Déifferdeng kommen, 100 weider Leit an een Hotel zu Iechternach, a 60 Leit aus der Ukrain sollen am Kulturzenter zu Nouspelt ënnerbruecht ginn.

Méi zum Thema

Sportshal_Ungarn.jpg
Ukrain-Krich

A ganz Europa si wéinst dem Krich an der Ukrain Benevoller am Asaz. Ee vun hinnen ass de Matthieu Hansen. Eigentlech Student zu Wien huet hien déi lescht Wochen enger ONG gehollef, Flüchtlinge vun der ukrainescher Grenz op Wien ze bréngen.

30 Prozent vum Weess weltwäit gëtt a Russland an an der Ukrain ugebaut
Ukrain-Krich

30 Prozent vum Weess weltwäit ginn an der Ukrain an a Russland produzéiert. Wéinst dem Krich konnte vill Felder an der Ukrain net bebaut a vill Kären net exportéiert ginn. Dat kéint ee weltwäiten Impakt hunn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen