Radioen

On air

Tockcity  |  Los Bitchos - La Bomba

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausnamen

Fräie Mikro

Ausnamen

Schonn an den 80er Jore vum leschten Joerhonnert gouf et kloer, datt d'Industrialiséierung systemesch Risike schaaft, déi global sinn an onsiichtbar bleiwen. Den däitschen Soziolog Ulrich Beck hat dofir eegens de Begrëff vun der Risikogesellschaft erfonnt. An esou enger Risikogesellschaft gëtt den Ausnamezoustand zum Normalzoustand. Mee wat bedeit déi Normaliséierung vun der Ausnam fir d'Demokratie? Gedanken dozou vum Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Den Thierry Simonelli ass Psychanalyst an Auteur . Foto: Archiv

Den 11. Mee 1968 hu sech 40.000 Mënschen zu Berlin versammelt fir géint déi deemools geplangten Noutstandsgesetzer ze manifestéieren. Ee vun de bekanntste Kritiker vun dëse Gesetzer, den Heinrich Böll, sot dozou an sengem Virtrag: "Opgrond vu mengen Erfarunge mat verschiddenen Noutstänn, sinn ech der Iwwerzeegung, datt Noutstänn [...] duerch Gesetzer net ze reegele sinn."

Ze gutt haten d'Leit deemools den Ausnamezoustand vun der "Reichstagsbrandverordnung" am Gediechtnes, mat deem e puer gewiefte Politiker d'Weimarer Republik an eng totalitärer Diktatur verwandele konnten.

Den Ausnamezoustand beim Carl Schmitt

Esou hat och den däitsche Staatsrechtler a Rechtsphilosoph Carl Schmitt den Ausnamezoustand geduecht. Déi biergerlech Gesellschaft, esou de Carl Schmitt, d'Gesellschaft vun der Riede- a Pressefräiheet, schéngt ze gleewen, datt Politik an déi ganz Gesellschaft eppes wéi e groussen Diskutéier-Club wier. Esou eng Gesellschaft ass awer dem Ausnamezoustänn net gewuess.

Wa séier muss gehandelt ginn, esou den Hitler-Unhänger Carl Schmitt, da muss déi gesamt bestoend Uerdnung vum Diskutéier-Club opgehuewe ginn. Am Moment vun der Kris muss d'Recht zerécktrieden, an de Staat d'Saachen eleng an d'Hand huelen. An deen Zoustand nennt de Carl Schmitt treffend "kommissaresch Diktatur".

An der kommissarescher Diktatur kann de Staat déi konstitutionell Grondrechter suspendéieren, fir se besser ze protegéieren; selbstverständlech!

De Carl Schmitt huet dat ganz kloer formuléiert: Diktatur ass de Contraire vun der Diskussioun. An dat heescht: déi kommissaresch Diktatur vum Ausnamezoustand ass de Contraire vun der Demokratie. E Contraire, wéi soll et och anescht sinn, mat beschten Absichten.

Der Demokratie eng Chance ginn

Wéi am Januar d'Epidemie a China lassgaangen ass, hu mer hei all selbstzefridde geschmunzelt, iwwer déi Aart a Weis wéi eng souverän Diktatur Millioune vu Leit ënner Zwangs-Quarantän gestallt huet. Mee et huet net laang gedauert, du war plëtzlech och fir eis, déi fräi westlech Demokratien, dat autoritäert China dat eenzegt denkbaart Virbild. Eleng déi kommissaresch Diktatur sollt och eis virun der Katastroph retten.

Mee hätt een net kënnen der Demokratie eng Chance ginn? Hätt een net kënne mat e puer Virschrëften, Empfeelungen an enger koherenter Informatiounspolitik sech der Verantwortung vun de Bierger uvertrauen?

Déi modern Demokratie war emol geduecht ginn, fir Fräiheet a Sécherheet mateneen ze verbannen. An déi Sécherheet sollt och vun Ufank un eng Sécherheet vun de Bierger virum Staat sinn. Dorunner gleeft haut anscheinend bal kee méi. Kee Politiker, a kee Wieler. Anscheinend si mer net kapabel op eis selwer an op déi aner opzepassen, ouni dat de Polizist mam Knëppel hanner eis steet.

Esou hu bal all d'Regierungen an Europa dat gesinn. An esou war och déi eestëmmeg an ausnamslos Iwwerzeegung vun all eisen Deputéierten hei zu Lëtzebuerg.

Soit: wann et drop ukënnt, da muss dat kanneregt Vollek mat strenger Hand vun e puer staarke politesche Féierer zu sengem Gléck a zu senger Gesondheet gezwonge ginn. An d'Vollek applaudéiert.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.