Radioen

On air

Notturno  |  Bells Atlas - Spec And Bubble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auslännerwalrecht ouni Begeeschterung

Fräie Mikro

Auslännerwalrecht ouni Begeeschterung

Fir d'Gemengewale vum 11 Juni kënne sech zanter der Ännerung vum Walgesetz an dem Ewechfale vun der Residenzklausel d'Auslänner aschreiwen, onofhängeg vun hirer Nationalitéit an egal zanter wéini si zu Lëtzebuerg wunnen. Ee Schratt a Richtung méi Demokratie, mee wëlle mir dee Schratt wierklech maachen?

auto_stories

3 min

Ouni Extra-Konditioune mussen ze erfëlle kënnen all auslännesch Awunner vu Lëtzebuerg bei den nächste Gemengewale mat ofstëmmen, wa si sech bis de 17. Abrëll op de Wielerlëschten androen.

Barrière sinn ofgebaut an administrativ Demarche vereinfacht ginn, mee leider wësse wéineg Auslänner vun hirem Recht.

Et geet ëm eng legitim Representativitéit

Honnerte benevole Membere vun Integratiounskommissioune versiche mat Hëllef vum Familljeministère mat Informatiounsstänn, bei Fester oder Manifestatiounen, a Sproochecoursen oder bei aner Geleeënheeten, nei auslännesch Wieler ze gewannen. Eleng, well wéineg aner Kommissiounen, Gemengepolitiker a Parteie fillen sech betraff.

Si hale sech éischter bedeckt, ausser bei e puer symboleschen Optrëtter oder an e puer Sonndesrieden.

Bei 50 Prozent auslänneschen Awunner am Landesduerchschnëtt geet et bei de Gemengewale vum 11. Juni och ëm eng legitim Representativitéit vun de Gemengeconseilleren. Eisen demokratesche System kann nëmme funktionéiere, wann d'Wielerbasis stellvertriedend fir d'ganz Bevëlkerung ass, also vun alle Awunner gewielt gouf.

Eemoleg guttgemengte Bréiwer, Informatiounsstänn a Flyere ginn do definitiv net duer.

Aschreiwungscampagnë sinn Deel vun enger aktiver Wëllkommenspolitik

Et gesäit ee wéineg Plakater a Bussen, Tram oder Bunn. Näischt an de Sportshalen, Schwemmen, Kulturzentren a Schoulen. Praktesch keng Publicitéit fir sech anzeschreiwen um Radio, op der Telé oder op de soziale Reseauen.

Wa mir esou iwwer de Covid kommunizéiert hätte wéi iwwer d'Aschreiwung vun den Auslänner op d'Wielerlëschten, da wieren eis Kierfechter haut ze kleng. De Message fir sech anzeschreiwe muss ëmmer erëm widderholl ginn, op all Stroosseneck, an allen ëffentleche Gebaier, bei all Geleeënheet a vu jidderengem.

D'Aschreiwungscampagnen dierfen net eréischt an engem Waljoer ulafen, mee si musse permanent gefouert ginn. Et ass Deel vun enger aktiver Wëllkommenspolitik, wou een déi nei Awunner abënnt an zur Participatioun ureegt. Dozou gehéiert eben d'Aschreiwung op d'Wielerlëscht.

Mangel u politeschen Akzenter zu Zesummeliewensfroen an de Walprogrammen

De Reseau vun de fräiwëllegen a meeschtens auslännesche Multiplicateuren, déi mat Argumenter d'Auslänner aktiv opsichen an op hir Froen äntweren, kéint duerch Honnerte Lëtzebuerger verstäerkt ginn. Zum Beispill mat Enseignanten aus de Sproochecoursen.

Firwat d'Aschreiwungscampagne ëmmer erëm den Auslänner iwwerloossen, wou et eis dach all eppes ugeet?

Vläicht si jo vill Auslänner och net un hirem Walrecht intresséiert. Eng Tendenz vu Politikmiddegkeet, déi ee bekanntlech Länneriwwergräifend feststellt. Dat ass Waasser op d'Mille vun deenen, déi soen, datt d'Auslänner sech souwisou net an eis Gesellschaft wëllen abréngen. Dobäi ass dat d'Resultat vun enger Politik, déi vill ze laang vill ze wéineg Interessi un Zesummeliewensfroe gewisen huet.

Beweis dofir: de Mangel u politeschen Akzenter zu Zesummeliewensfroen an de Walprogrammen. Et geet jo vum selwen!

D'Lëtzebuerger ginn d'office op d'Wallëschten ageschriwwen, d'Auslänner kënne sech et iwwerleeën. Firwat net och all nei auslännesch Residenten automatesch aschreiwen, a wann se net wëlle wiele goen, kënne se sech ouni Problem vun der Lëscht sträiche loossen. Eng Harmoniséierung, déi eiser Demokratie sécher géif guttdoen.