Sozialwahlen Auslännerwahlrecht: "Parteiiwwergräifende Konsens néideg"

D'Patronat huet net wëlles an den nächste Joren eng nei Initiativ fir d'Aféiere vun engem Auslännerwahlrecht ze lancéieren, seet den Nicolas Buck. Den Nach-President vun der FEDIL gëtt a knapp engem Mount den neie President vum Patronatsdaachverband UEL. Dat wier eng ganz opreegend Tâche, seet den Nicolas Buck, deen awer anescht wéi den Nach-UEL-President Michel Wurth, keng 15 Joer laang President wëllt bleiwen.

Serge Kesseler / cz

Nicolas Buck
Den Nicolas Buck gëtt den neie President vum Patronatsdaachverband UEL

Datt ee grousse Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft aktuell kee Wahlrecht huet, wier eng "ongesond" Situatioun seet den Nicolas Buck. D'Politik, d'Patronat an d'Gewerkschafte wiere sech an deem Punkt eens. De Referendum wier "e bëssen onglécklech" ugepaakt ginn, an hie wéisst net, wéi een de Problem kuerzfristeg kéint léisen. "Dat bleift e Problem, grad wéi d'Pensiounen, wou een eng Kéier muss drugoen a mol awer eng Kéier e parteiiwwergräifende Konsens muss fannen", sou den Nicolas Buck.

Dem Nicolas Buck säi Mandat vu fënnef Joer wäert ongeféier grad esou laang daueren, wéi déi aktuell Regierung nach am Amt ass. Hie géif sech erwaarden, datt de Koalitiounsaccord elo no an no a Gesetzer géif gegoss ginn. Et misst séchergestallt ginn, datt d'Gesetzer applizéierbar an equilibréiert sinn. Dat géif, senger Meenung no, nëmmen am Dialog mat der Regierung goen, seet den Nicolas Buck.

Net frou iwwer zousätzleche Congé

Den Nicolas Buck kritiséiert, datt d'Regierung am Virfeld vun der Decisioun fir zwee zousätzlech fräi Deeg anzeféieren, net mam Patronat geschwat hätt. Dës Method géif d'Patronat méi staark stéieren, wéi déi geschaten 220 Milliounen Euro Käschte pro Joer fir d'Betriber duerch de 26. legale Congésdag an den zousätzleche Feierdag den 9. Mee, huet den zukünftegen UEL-President däitlech gemaach. De fräien Europadag am Mee wier fir d'Entreprisen "héich onglécklech", esou den Nicolas Buck.

Keng oppe Konfrontatioune mat Gewerkschaften

D'Patronat wëllt sech am Virfeld vun de Sozialwahlen aus ëffentleche Konfrontatioune mat Gewerkschaftsvertrieder eraushalen, seet den Nicolas Buck, den zukünftege President vum Patronatsdaachverband UEL.

"Mir halen eis jo och aus der politescher Konfrontatioun eraus, wann et national Wahle ginn", huet den Nicolas Buck erkläert. Bei de Sozialwahlen hätt ee "keng Preferenzen". Am Sozialdialog vermësst den Nicolas Buck Politiker, déi "Macher" sinn. Et wier méi einfach gewiescht, fir mat enger Partei an hirem Juniorpartner eens ze ginn. Dat wier haut, wou d'Regierung aus dräi Parteie besteet, méi schwéier, sou den Nicolas Buck.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

De Jean-Claude Poos vun der NGL-SNEP
Sozialwahlen 2019

D'NGL-SNEP kandidéiert bei de Sozialwahlen net méi fir d'Salariatskammer. Fir kleng Gewerkschafte wier dat ze opwändeg. Wéi eng Bedeitung hunn d'Sozialwahle fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP?

Chambre de Commerce
Handelskammer

D'Handelskammer kritiséiert déi geplangten Aféierung vun engem zousätzleche legale Congésdag an engem eelefte Feiderdag. An hirem Avis zum Gesetzprojet vun der Regierung kritiséiert d'Chambre de Commerce, datt déi Mesuren am Virfeld net mat den Entreprisen diskutéiert gi sinn.

Fernand Kartheiser a Laura Zuccoli
Auslännerwahlrecht

De Fernand Kartheiser fënnt d'Iddi "inakzeptabel", datt den neien CSV-President sech oppe weist fir d'Wahlrecht fir Auslänner ze erweideren. D'Laura Zuccoli weist sech frou iwwer "all Fortschrëtt".

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Konferenz clc iwwer d'Sozialwahlen
Sozialwahlen

Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

Illustratioun Congé parental.JPG
Chamberwahlen 2018

Eltere sollen duerch d'Reform vum Congé parental méi finanziell Moyenen a Flexibilitéit kréien. Mir hu bei jonken Elteren nogefrot, wéi si den neie Congé parental notzen a wat een nach verbessere kéint.

Tabel ronde Asti.JPG
Immigratiounspolitik

LSAP, déi gréng, CSV, ADR, déi Lénk an DP si sech weider oneens iwwer déi automatesch Inscriptioun vun den Auslänner bei de Gemengewahlen a bei der Regularisatioun vun illegalen Awanderer.

Laura Zuccoli
Etat de la Nation

Et dierft ee keng "Angscht" hunn, datt d'Thema Auslännerwahlrecht de Wieler "rose mécht", seet d’ASTI-Presidentin Laura Zuccoli. "Den demokrateschen Defizit bleift, ob de Wieler et wëll oder net."

Duechter a Papp zeechnen
Reform Congé parental

Den 1. Dezember, trëtt deen neie System fir de Congé parental a Kraaft. De System versprécht méi Flexibilitéit. E gëtt awer och méi komplex. D'Ministesch probéiert op den Elteren hir Froen anzegoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen