Radioen

On air

De Weekend  |  Belle And Sebastian - Piazza, New York Catcher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausbeutung: Tendenz steigend

Internationalen Dag fir d'Mënscherechter

Ausbeutung: Tendenz steigend

D'Ausbeutung vun der Aarbechtskraaft hëlt europawäit zou. Dat geet aus enger neier Etüd vun der Europäescher Kommissioun ervir. Och Lëtzebuerg bleift net verschount. Am Kader vum internationalen Dag vun de Mënscherechter huet d'Maxi Pesch mat Acteuren, déi géint de Mënschenhandel kämpfen, geschwat.

auto_stories

3 min

2015-2016 huet d'Ausbeutung vun der Aarbechtskraaft an der EU ronn ee Véierel vum Mënschenhandel ausgemaach. Eng steigend Tendenz déi a villen EU Länner géif observéiert ginn, heescht et an engem neie Rapport vun der EU-Kommissioun. Och zu Lëtzebuerg géif et méi där Fäll ginn, erkläert d'Fabienne Rossler vun der konsultativer Mënschrechtskommissioun.

De Phenomen géif zu Lëtzebuerg nach ëmmer ënnerschat ginn. D'Originne vun de Fäll hätt sech awer verlagert, seet d'Fabienne Rossler. "Virun enger Rei Joren huet ee kloer gesinn, datt sexuell Ausbeutung un éischter Stell war, mee dat huet sech elo geännert. Elo hu mir sechs Fäll vu sexueller Ausbeutung, géigeniwwer 15 Fäll aus der Aarbechtswelt."

Gastronomie, Bau a Menagen am meeschte concernéiert

Dat géif och doru leien, datt ëmmer méi Fäll opgedeckt géife ginn. Déi meescht Affer géifen am Beräich vun der Restauratioun, um Bau oder nach a private Menagen identifizéiert ginn. D'Profiller vun den Affer an Ausbeuter erkläert de Laurent Schroeder, dee sech bei der Police Judiciaire an dem Beräich spezialiséiert huet, doduerch, datt Täter an Affer dacks aus dem selwechten ethnesche Milieu kommen. "Si schwätzen déi selwecht Sprooch, meeschtens eng aner wéi hei am Land. Dann entsti sou Cercle ferméen, eng geheim Welt."

Fir méi konkret Zuelen ze kréien an d'Situatioun besser kënnen ze kontrolléieren, missten ënner anerem d'ONGen an d'Inspection du Travail et des Mines méi eng grouss Roll spillen, fuerdert d'Fabienne Rossler. Bis ewell ka just d'Police Judiciaire Affer identifizéieren. Dofir misst d'Gesetz geännert ginn a méi Ressourcen zur Verfügung gestallt ginn. Dat wier hiren Informatiounen no awer awer net de Fall, sou d'Fabienne Rossler.

ITM-Direkter: "Gesetzesännerungen néideg"

D'ITM deelt déi Meenung. Zu Lëtzebuerg wieren d'Pouvoiren ze vill fragmentéiert, kritiséiert den Direkter Marco Boly. Dat géif dozou féieren, datt net effikass kéint geschafft ginn. Fir besser Statistiken a Kontrollen ze maache fuerdert d'ITM méi Ressourcen, eng besser Ausbildung an eng Reform vum Gesetz.

"Wann een d'Zesummenaarbecht tëschent all den Acteuren um Terrain forcéiere kéint, respektiv se esou organiséiert, datt ee méi zilstrebeg un deene Sujete schaffe kéint, da wier dat sécherlech gutt. Mee Staatsverwaltungen oder Ministèren ënnerleien ëmmer enger Gesetzgebung, an déi kënnen ëmmer nëmmen an deem Kader agéieren. A wann d'Gesetzgebung dat net hier gëtt, dann ass et natierlech schwéier, dat um Terrain ze realiséieren."

Séier Integratioun op den Aarbechtsmarché

E weidere Problem wier de "Retraffiking", erkläert de Laurent Schroeder vun der Police. Fir ze verhënneren, datt de Mënschenhandel einfach an en anert Land verlagert gëtt, missten d'Affer sou séier wei méiglech um normalen Aarbechtsmarché hei am Land integréiert ginn, och wann d'Aarbecht just temporär wier. "Et geet drëms hinnen ze weisen, wéi et ass op engem normalen Aarbechtsmarché." Dacks wieren d'Affer sech guer net bewosst, datt si exploitéiert ginn. "Et kann net sinn, datt mir si hei detektéieren, an datt si dann an eng aner Situatioun vu Retraffiking kommen."

Eng méiglech Léisung wier, datt d'Affer direkt en Titre de sejour mat Autorisation de travail kritt, oder eng méi enk Zesummenaarbecht mat der ADEM.