Radioen

On air

Spektrum  |  Liam Benzvi - Other Guys (feat. Blood Orange)

play_arrow Live
search

/ Aus zwee Prozent vum PIB ginn zwee Prozent vum RNB

NATO-SOMMET

Aus zwee Prozent vum PIB ginn zwee Prozent vum RNB

Um Nato-Sommet hu sech déi 31 Membere vun der Allianz dozou engagéiert, an Zukunft all Joer op mannst zwee Prozent vun hirem PIB fir d'Defense auszeginn. Bislo ass Lëtzebuerg mat engem Budget vun 0,6 Prozent vu sengem PIB op der leschter Plaz. Et gouf awer elo eng Ausnam bei der Nato ausgehandelt.

auto_stories

2 min

De François Bausch zu Vilnius um NATO-Sommet zu Vilnius.

Lauschterenplay_arrow


D'Lëtzebuerger Ausnam gesäit vir, datt d'Contributioun net méi unhand vum PIB, mee vum RNB, dem Revenu National brut, ausgerechent wäert ginn. Lëtzebuerg huet erreecht, datt d'Aarbechtsplaze vun de ronn 250.000 Frontalieren erausgerechent ginn an dat mécht een enormen Ënnerscheed, dofir ass ee vill manner groussen Effort ze maachen, esou de François Bausch.

Zwee Prozent vum PIB wieren aktuell ronn 1,6 Milliarden Euro am Joer, bei zwee Prozent vum RNB léich Lëtzebuerg bei 1,1 Milliard.

Eng jorelaang Aarbecht

Deen Accord gouf elo um Sommet finaliséiert. Lëtzebuerg hätt, sou de François Bausch, laang doru geschafft.

"Dat erreecht een net an enger Sëtzung. Déi lescht Joren hunn ech mech ganz vill dorop konzentréiert, fir ëmmer erëm dat nämmlecht ze soen an de Plenièren, ma och fir bilateral Gespréicher mat de Ministeren ze hunn."

Gekämpft huet ee mam Argument, datt et fir Lëtzebuerg net realistesch ass, sou vill Sue fir d'Defense auszeginn, seet de Xavier Bettel.

"Mir hunn eng Arméi vun 900 Leit. Mir wëlle jo net, datt déi gëlle Pistoule kréien, just fir d'Krittären ze erfëllen."

Et ass net nëmmen eng Fro vu Suen, ma och vu Rekrutement, erkläert de François Bausch. Schonn eleng well ee muss Lëtzebuerger sinn, fir an d'Arméi ze goen.

"Wa mir eng Arméi wéilten opbauen, déi mir bräichten, fir op zwee Prozent vum PIB ze kommen, da misste mir e puer Dausenden Zaldoten méi astellen. Mir hunn awer och bei de Residente selwer Problemer."

"Noutwenneg, och wann et net populär ass"

Trotzdeem: et wäerte vun 2028 un eng zousätzlech 300 Milliounen Euro mussen am Defense Budget virgesi ginn.

Enger Ëmfro vun der Nato no fannen zwar 80 Prozent vun de Lëtzebuerger, datt d'Nato wichteg ass fir hir Sécherheet, mee just 21 Prozent si prett, méi Suen an d'Defense ze stiechen. Wéi wëll de grénge Minister a Walkampfzäiten do d'Lëtzebuerger iwwerzeegen?

"Dat, wat mir maachen, ass noutwenneg, och wann et net populär ass. Dat ass dat, wat mir de Leit mussen am September erklären. D'Wieler mussen decidéieren, wat se wëlle maachen. Ech stinn awer dozou, well ech mengen, et keen anere Wee gëtt. Et ass alternativlos, à ce stade."

Um zweeten Dag vum Sommet steet dann eng Entrevue mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um Ordre du jour.