Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Abu Ali

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus vum Verbrenner mat onkloeren Zousaz-Optiounen

EU-OFGAS-NORMEN

Aus vum Verbrenner mat onkloeren Zousaz-Optiounen

Dat neit EU-Gesetz, dat dofir suergt, datt vun 2035 just nach nei Autoen an der EU méi dierfe verkaf ginn, déi keen CO2 an d'Loft blosen, kéint haut definitiv adoptéiert ginn. Onkloer ass, wéi eng Zousätz zum Gesetz nach virgesi sinn.

auto_stories

3 min

E Samschdeg hat de Vizepresident vun der Kommissioun, Frans Timmermans op Twitter annoncéiert, et hätt een en Accord fonnt mat Däitschland iwwert eng zukënfteg Notzung vu synthetesche Carburanten, de sou genannten E-Fuels fonnt. Dat war eng Konditioun vu Berlin, fir den Accord iwwert déi Standarden fir Autoen vun 2035 un net weider ze blockéieren.

E Méindeg gouf dat Resultat den EU-Ambassadeuren presentéiert, an haut um Dënschdeg sollen d'Energieministeren doriwwer ofstëmmen. Wat genee an deem Accord mat Däitschland dra steet, wollt de Spriecher vun der Kommissioun gëscht net soen

"Mir hunn Assurancen geliwwert iwwert déi nächst Schrëtt. Et wäert nach vill Geleeënheete ginn, fir iwwert déi technesch Detailer ze diskutéieren", sou den Tim McPhie.

"Wat kloer ass, datt d'Gesetz seet, datt vun 2035 just nach Null-Emissiouns-Autoen registréiert ginn, den Accord mam Parlament gëtt net ugepaakt, mir wäerten deen am gudde Glaawen ëmsetzen."

EU-Kommissioun wëll Zousaz-Text presentéieren

D'Kommissioun wäert no der Adoptioun vun deem neie Gesetz déi néideg legal Schrëtt en vue vun den däitsche Konditiounen huelen, och dat hat den Frans Timmermans a sengem Tweet präziséiert ouni an den Detail ze goen.

Bréissel kéint proposéieren, eng nei Kategorie an de Euro-Norme fir Autoen ze schafen, an dono Regelen festleeën, wéi dofir ze suergen ass, datt déi Zort Autoen, d'Klimaziler respektéieren.

Elo een zousätzlechen Gesetzestext ze maachen ass ee Broch mam eigentlechen Accord ënnert den EU-Institutiounen iwwert dat neit Gesetz, seet iwwerdeems d'Presidentin vun der Transportkommissioun am Europaparlament, d'Karima Delli. D'Europaparlament hat dat Gesetz am Februar gutt geheescht.

EU-Parlament net d'accord mat der Prozedur

"C'est du jamais vu", sou déi franséisch Gréng, fir déi elo d'Prozedur en cours de route changéiert huet.

"C'est une exception où la Commission européenne va sortir un texte avec une nouvelle norme technique qui va ajouter les carburants de synthèse, ce qui n'était absolument pas la position du parlement. Il faut rejeter ce texte. Nous n'avons pas besoin aujourd'hui de dire que les carburants de synthèse sont une alternative. Ce n'est pas vrai."

Synthetesch Krafstoffer si net nëmmen am Europaparlament, ëmstridden. D'Europäesch Kommissioun, vill Memberlänner an och Energieexperten hale se fir keng brauchbar Alternativ, wëll hir Produktioun ze deier an net ëmweltfrëndlech ass.