Datt d'Enn vun der Petrolsära virun der Dier steet, weist schonn de Changement vum Numm: Och bei de Lëtzebuerger Pëtrolsverkeefer ass de Message vum Enn vun de Verbrenner ukomm.
Aus Tankstelle gi Luedstatiounen
Et wéisst een, wou den Zuch an Europa higeet, esou de President vu Groupement énergie mobilité, de Romain Hoffmann. Hien ënnersträicht, datt een zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Elektromobilitéit nach an de Kannerschong wier:
"[...] mee eis Maison-mèren a verschiddenen anere Länner sinn do ganz wäit fortgeschratt, wou a ville Länner déi Acteuere schonn d'Positioun Nummer eent oder Nummer zwee oder béid um Marché hu vun ëffentlechen Ladebornen. An et ass kloer, datt mir och op den Tankstellen hei zu Lëtzebuerg virun allem wäerte Borne setzen, déi eng grouss Puissance hunn."
Mee dat ganzt dierft awer net ze séier goen, an d'Regierung sollt net an enger Virreiderroll virun de Won sprangen, esou nach de Romain Hoffmann. Aktuell sinn op den am ganzen 232 Tankstellen uechtert d'Land 60 Bornen installéiert.
Schwéier Joer hanner den Tankstellebedreiwer
D'Tankstellebedreiwer kucken op ongewinnt schwiereg Joren zeréck. Nom Abroch am Covid-Joer koum den Ukrain-Krich mat der Energiekris.
Besonnesch déi däitsch a franséisch Bensinssubventiounen hunn der Branche och wéi gedoen. Dobäi koumen Akzisen-Remboursementer fir professionell Chaufferen an der Belsch, esou de Vizepresident Paul Kaiser. Op de Grenze wieren d'Volumen do natierlech agebrach, erkläert hien:
"[...] zäitweileg war dat eng Geschicht vu 40-45 Prozent oft. Gottseidank war dat Enn August eriwwer, déi Däitsch hunn dann déi Subventioun opgehalen. Dat huet eis awer net vill gehollef well d'Fransousen hunn den éischte September du Subventiounen agefouert."
Wéi vill Ëmsazverloscht déi eenzel Tankstellebedreiwer um Enn haten, konnt de Groupement allerdéngs net soen - bekannt si just d'Volumeszuelen.
Et stéing ee prinzipiell hanner der Technologie vun der Elektromobilitéit, mee och hei missten nach Froen wéi Disponibilitéit, Leeschtung vum Reseau a Berechnung vum Klimaschutzbäitrag gekläert ginn. Sou oder sou wäert et an Zukunft awer wuel manner Tankstelle ginn.