Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - Maryan

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus fir Verbrenner: Camione kréien nach Sursis

EU-GRENZWÄERTER

Aus fir Verbrenner: Camione kréien nach Sursis

​D'Europaparlament gëtt gréng Luucht fir ee Verbuet vun Autoe mat Verbrenner-Motor vun 2035 un. Bei schwéiere Gefierer proposéiert d'EU-Kommissioun manner streng Grenzwäerter.

auto_stories

3 min

D'EU-Länner an d'Europa-Parlament ware sech schonn am Oktober zejoert iwwert een Enn vum Verbrenner-Motor fir Autoen eens ginn. De Vott um Dënschdeg am Europaparlament zu Stroossbuerg war also am Fong just nach eng Formsaach.

Lescht Sortie net geholl

Eng Partie Europadeputéiert haten allerdéngs bis zum Schluss probéiert, d'Handbrems ze zéien.

"Liebe Kolleginnen und Kollegen - heute können wir sie noch nehmen, die letzte Ausfahrt vor dem endgültigen Verbrenner-Verbot ab 2035", sot um Ufank vun der Debatt, de Jens Gieseke. Den däitsche Chrëschtdemokrat kämpft zanter Jore géint ee Verbuet vum Verbrenner fir Autoen. Och de Chistophe Hansen ass skeptesch. Fir den CSV-Europadeputéierten ass ee Verbuet kuerzsiichteg an ee Feeler.

"Mir wëssen net, ob mer 2035 do stinn, wou mer wëlle stoen. Ob mer eng Batterientechnologie hunn, fir déi mer genuch matière première hunn. Mir wëssen och net, ob mer genuch Stroum a proppere Stroum bis dohin hunn."

D'Géigner vum Verbrenner-Verbuet goufen um Enn awer iwwerstëmmt mat 340 Jo zu 279 Nee-Stëmmen. Vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert hu just d'Isabel Wiseler an de Christophe Hansen dergéint gestëmmt.

Ënnerschiddlech Pronostiquë fir d'Industrie

De Jens Gieseke hat sengersäits och d'Argument vun den Aarbechtsplazen, déi hei verluer ginn, an d'Feld gefouert.

"Allein in Deutschland arbeiten 600.000 Menschen an Fahrzeugen mit Verbrennungsmotoren. Ihre Jobs sind nun gefährdet."

Eng Perspektiv, där an der Debatt am Parlament widdersprach gouf. Och vum EU-Kommissär fir de Green Deal, de Frans Timmermans, dee sot, déi europäesch Autosindustrie misst oppassen, datt si d'Nues virbehält an d'Entwécklung net verpasst.

"Déi industriell Revolutioun geschitt, ob mir et wëllen oder net", sou den Hollänner, deen déi nämmlecht Revolutioun awer wuel net esou séier am Beräich vun de schwéiere Gefierer erwaart.

Nei Grenzwäerter fir Camionen a Bussen

Säi Virschlag vu gëscht fir nei Grenzwäerter fir Camionen a Busse fält manner streng aus. D'Enn vum Verbrenner-Motor gëtt hei fir stättesch Busse bis 2030 virgeschriwwen, d'Emissioune vum Rescht vun de Poids lourdë missten awer erhéicht vun 2040 ëm 90 Prozent reduzéiert ginn, sou d'Kommissioun.

Eng Propos déi direkt op Kritik gestouss ass.

"Wann ee weess, wéi eng Konsequenzen den Transport an notamment d'Camionen huet, dann hätt ech mer wierklech méi eng ambitiéis Propos gewënscht", seet déi gréng Europadeputéiert d'Tilly Metz.

Lëtzebuerg hat sech zesumme mat enger Partie aneren EU-Länner dofir agesat, datt d'Kommissioun een Datum fir een Enn vum Verbrennermotore fir Camione festleet.

D'Industrie wier am Beräich vun de schwéiere Gefierer awer nach laang net esou wäit ewéi bei den Autoen, erkläert de Frans Timmermans. Hien hätt och een "équilibre entre les intérêts" gesicht.

Seng nei Propos gëtt elo nach ënnert de Memberlänner an am Parlament duerchgeholl. D'Diskussioun iwwert den Enn vum Verbrenner ass also nach net eriwwer.