International Politik Atomaccord mam Iran: Wie wëllt wat?

Den internationalen Atomaccord mam Iran vun 2015 war allgemeng als grousse politeschen Duerchbroch ugesi ginn. Den amerikanesche President wëllt säi Land awer elo aus dem Accord zeréckzéien. Entgéint der zoustänneger UNO-Agence, déi regelméisseg Kontrollen duerchféiert, ass den Donald Trump der Meenung, datt Teheran sech net un d'Bestëmmunge vum Vertrag hält. Wat sinn elo d'Motivatioune vun den Haaptacteuren an där Fro? Eng Analys vum Michel Delage.

Michel Delage / cz

Michel Delage
Michel Delage

Virun dräi Joer hat sech den Iran engagéiert, op säi militäreschen Atomprogramm ze verzichten a sech op eng zivil Notzung vun der Nuklearenergie ze begrenzen. Am Géigenzuch sollte Wirtschaftssanktioune géint Teheran fir d'éischt op Äis geluecht, duerno opgehuewe ginn. Ënnerschriwwen haten den Accord deemools den Iran, d'Vetomuechten USA, Groussbritannien, Frankräich, Russland a China, grad wéi Däitschland an d'Europäesch Unioun.

Scho während sengem Wahlkampf hat den aktuellen US-President Donald Trump versprach, säi Land aus dem Accord, dee säi Virgänger Barack Obama mat ënnerschriwwen hat, zeréckzezéien. Dem Trump no géif sech Teheran net un de Wiener Accord vu Juli 2015 halen, deen och nëmme bis d'Joer 2025 gëllt an och kee Verbuet vu ballistesche Missile virgesäit.

Virun Deeg huet den israelesche Premierminister Benyamin Netanyahou, ee wichtegen Alliéierte vun den USA am Noen Osten, Elementer virgeluecht, déi d'Existenz am Iran vun engem geheime militäreschen Atomprogramm solle beweisen. Déi International Agence fir Atomenergie, eng UNO-Agence, déi regelméisseg Kontrollen duerchféiert, huet bis elo ëmmer de Géigendeel festgehalen. Den 12. Mee soll den Donald Trump offiziell matdeelen, ob d'USA - dee wichtegste Garant vum Accord vun 2015 - ëmmer nach dozou steet oder net.

Argumenter an Interessie vun den Haaptacteuren

Fir d'USA ass den Iran, zanter der islamescher Revolutioun vun 1979, een Doudfeind. Joerzéngtelaang Wirtschaftssanktiounen, déi ee Regimewiessel sollten erzwéngen, hu bis elo keng Friichte bruecht. Dofir gouf et scho laang virum Trump Stëmmen am amerikaneschen Establishment, déi dat mat engem Krich géint Teheran wollten erreechen. De Mullah-Regimm am Iran ass an deene leschte Joren net méi schwaach ginn, am Géigendeel: Teheran huet an deene leschte Joren ëmmer méi un Afloss am Noen Oste kritt, net eleng duerch déi erfollegräich Ënnerstëtzung vu Milizen a Syrien, am Yemen, am Irak, oder am Libanon.

Dës Entwécklungen entspriechen net de geopoliteschen Ziler vun den USA a ginn op Käschte vun där hiren Haaptalliéierte Saudi Arabien an Israel. De jüddesche Staat fillt sech a senger Existenz duerch de Regime zu Teheran bedreet. Dofir géif d'Finanzéierung vun der Hisbollah am Libanon respektiv der Hamas an der Gazasträif plädéieren, oder och déi sëllech verbal Menacen, déi iranesch Responsabeler regelméisseg un Israel riichten. Dem sunnitesch-arabesche Regime a Saudiarabien ass deen ëmmer méi grousse schiitesch-perseschen Afloss een Dar am A: hei steet déi regional Dominanz um Spill.

Wat mécht d'Europäesch Unioun?

D'Europäesch Unioun well hirersäits um Atomaccord mam Iran festhalen. Den Europäer no wier et een effikasst Instrument fir eng iranesch Atombomm respektiv een atomaart "Wettrüsten" an där Regioun ze verhënneren. Des weidere sinn europäesch Entreprisen, dorënner och Lëtzebuerger Betriber, u lukrative Wirtschaftsrelatioune mat engem neierdéngs net méi isoléierten Iran interesséiert. Déi Handelsbezéiunge kommen awer net richteg vum Fleck. Well se vun den USA an där hirem Marché ofhängeg sinn, weigere sech international Groussbanken de Moment, dësen Handel mam Iran ze finanzéieren. Am Iran selwer ass de groussen ekonomeschen Opschwong dofir bis elo ausbliwwen. D'Akzeptanz fir den Atomaccord, dee verschiddenen Hardliner souwisou scho géint de Stréch geet, huet ënner den Iraner deementspriechend ofgeholl.

Teheran, grad wéi den Alliéierte Russland an och China, refuséieren op jiddefalls eng Neiverhandlung vum Accord, sou wéi d'USA e fuerderen. D'Europäer, déi domadder beschäftegt sinn een Handelskrich mat Washington ze verhënneren, kéinten an d'Versuchung geroden, den Amerikaner an der Iran-Fro entgéint ze kommen. De franséische President Macron beispillsweis huet virgeschloen, den Atomaccord ze erweideren. An zwar ëm eng Regelung vun der Zäit no 2025, ëm ee Verbuet vu ballistesche Missilen an ëm Bestëmmungen, déi iranesch Interventiounen am Noen Oste sollen ënnerbannen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Iranians protesters in front of the Tran's ambassy in Paris
Globus

Bei Demonstratioune sinn Ufank Januar méi wéi 24 Leit ëm d'Liewe komm. D'Hannergrënn vun de Protester si komplex. D'Regierung an de politesche System am Iran geroden ëmmer méi ënner Drock.

EU Chefdiplomatin Federica Mogherini an irnaeschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif
EU-Aussepolitik

Den Donald Trump huet sech kloer hannert d'Demonstranten am Iran gestallt, d'EU hält sech méi zréck. Et gëtt op alle Fall um Atomdeal festgehalen, sou den Haaptmessage. D'EU huet och ekonomesch Interêten.

Adnan Tabatabai
Noen Osten

Den Iran mécht sech zanter dem Nuklearaccord vum Summer 2015 ëmmer méi op no baussen. Mat "Morgen in Iran" wëll den Adnan Tabatabai e globaalt gesellschaftlecht Bild vun der Republik presentéieren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen