arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI-Presidentin deposéiert Plainte wéinst Hatespeech

Plainte géint Onbekannt

|
reading time

2 min

ASTI-Presidentin deposéiert Plainte wéinst Hatespeech

D'Asti-Presidentin Laura Zuccoli mécht "plainte contre X" wéinst Hatespeech, dat nodeems ënnert engem Facebook-Post vum ADR-Deputéierten Fred Keup Opriff zu Gewalt géint si gemaach goufen.

reading time

2 min

play_arrow Lauschtert de ganze Bäitrag


E rezente Facebookpost vum ADR-Deputéierten Fred Keup huet der ASTI no d'Limitten iwwerschratt, dat well en eng Hetzerei op d'Laura Zuccoli provozéiert hätt. D'Asti-Presidentin huet och dowéinst eng "plainte contre x" deposéiert.

De Fred Keup hat als Reaktioun op eng Carte Blanche vun der Laura Zuccoli op RTL hir an der Asti virgeworf, "Gëft" ze verspreeën a bëlleg ze polemiséieren. D'Kommentaren op dëse Post si vun Dénigratioun bis zum Opruff vu Gewalt a Mord géint d'Laura Zuccoli gaangen. D'Asti wier schockéiert, datt dëst weder vu Säiten der ADR nach vum Parlament als Institutioun condamnéiert gouf. E gewielte Vertrieder mat engem Mandat dierft net en Appell un niddereg Instinkter an der Gesellschaft maachen, esou d'Laura Zuccoli.

"Mir soen deene Jonken, se sollen sech packen op Facebook. Mir maache BeeSecure, mir maachen hei an do. An e gewielte Politiker, deen erlaabt sech sou Saachen op sengem Facebook ze setzen. Ma wou si mer dann? Dat ass, wou mer musse jäizen: merde, déi hunn dach eng Virbildfunktioun! Déi kënnen dach net als Politiker esou Saachen - op ech et sinn oder iergend en aneren ass - dat geet net."

D'Asti warnt virun enger Degradatioun vum politeschen Diskurs. Et géif een e Crescendo vun Hatespeech géint ëffentlech Persounen mierken, dacks dovunner viséiert wiere Fraen. Als Beispiller goufen misogyne Proposen géint déi gréng Politikerin Sam Tanson an d'Finkapé-Presidentin Antonia Ganeto genannt.

"Schlechten Toun"

Op d'Plainte ugeschwat sot den ADR-Deputéierte Fred Keup eis, datt hien sech net an der Verantwortung gesi géif, hien hätt a sengem Post seng politesch Meenung zum Ausdrock bruecht. De Jean-Louis Schlesser vun der Asti fënnt awer, datt Fred Keup bewosst rietspopulistesch Taktiken aus dem Ausland iwwerhuele géif, fir op de soziale Medie bewosst eng Reaktioun géint eng Persoun ze provozéieren.

De Chamberspresident Fernand Etgen sot op Nofro hin, datt de Post vum Fred Keup en "schlechten Toun" hätt, hie wéilt awer fir d'éischt d'Justiz hir Enquête maache loossen.