Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI: "D'Auslännerwahlrecht ass net vum Dësch"

Etat de la Nation

ASTI: "D'Auslännerwahlrecht ass net vum Dësch"

D’Auslännerorganisatioun fuerdert, datt weider iwwer déi politesch Participatioun vun Auslänner geschwat gëtt. Et dierft ee keng "Angscht” hunn, datt d’Thema de Wieler “rose mécht", seet d’ASTI-Presidentin Laura Zuccoli. "Den demokrateschen Defizit bleift, ob de Wieler et wëll oder net."

auto_stories

2 min

Laura Zuccoli

D’ASTI ass enttäuscht, datt de Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun net op déi politesch Participatioun vun den Auslänner agaangen ass. De Premier hätt "kaum”"iwwer dëst Thema geschwat, obwuel d’Gemengewahlen virun der Dier stinn, esou d’Laura Zuccoli am 100,7-Interview.

D'Resultat vum Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht wier "eng kal Dusch" fir d’Regierung gewiescht, esou d’Presidentin vun der ASTI. Dofir géif d’Politik dëst "brenzelegt" Thema am Moment "souwäit wéi méiglech ënnert dem Teppech loossen." Dat wier awer "keng gutt Saach", den demokrateschen Defizit géing nämlech net ofhuelen. "Wa mir wëllen eng Demokratie bleiwen, da musse mir einfach déi Fro vum Wahlrecht opmaachen. Well soss si mir jo keng Demokratie méi", esou d’Laura Zuccoli.

"Etappeweis virgoen"

2015 haten am Referendum 78 Prozent vun de Lëtzebuerger Wieler d’Auslännerwahlrecht fir Chamberwahlen ofgeleent. D’ASTI ass der Meenung, et misst een no dem Resultat "etappeweis virgoen". De Conseil national des étrangers kéint zum Beispill an Zukunft gewielt ginn an dann och "méi e wichtege Poids" kréien.

Och op Gemengenniveau misst méi fir d’politesch Participatioun vun den Auslänner gemaach ginn. D’ASTI-Presidentin betount. souwuel am Regierungsprogramm, wei an engem Text deen d'Chamber 2011 eestëmmeg ugeholl huet, wier festgehal, datt eng Evaluatioun iwwer d’Aschreiwung vun de Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewahlen néideg wier. Duerno misst gekuckt ginn, op d’Residenzklausel bei de Gemengewahlen "soll erofgesat ginn". Donieft misst et och méiglech ginn sech online op de Wielerlëschten anzeschreiwen. Am Moment muss een als Auslänner fënnef Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, fir un de Gemengewahlen kennen deelzehuelen.

D’Laura Zuccoli ënnersträicht, och d’Parteien géifen eng "zentral Roll" bei der demokratescher Participatioun vun de Net-Lëtzebuerger spillen. D’Parteien missten sech mat dëser Fro auserneen setzen a Propositioune maachen. "Net-Lëtzebuerger solle net als Alibi op de Lëschte stoen", esou d’ASTI-Presidentin.


Interview mat der Laura Zuccoliplay_arrow