Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Associatioun vun den Hiewanne begréisst d'Schafe vun engem Gebuertshaus

Gebuert

D'Associatioun vun den Hiewanne begréisst d'Schafe vun engem Gebuertshaus

No enger éischter Entrevue tëscht der Santé an der ASBL Gebuertshaus, mellt d'Hiewanne-Vereenegung sech zu Wuert. D'Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes hätt sech jorelaang dofir agesat, datt schwanger Fraen erëm de Choix hunn, wou si wëllen hiert Kand op d'Welt setzen. Do géif e Gebuertshaus zu Lëtzebuerg nach feelen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / New Africa

Lauschterenplay_arrow

D'Hiewanne begréissen, datt d'ASBL Gebuertshaus Lëtzebuerg sech gegrënnt huet an ënnerstëtzen dës Initiativ, sou d'Presidentin Nadine Barthel. Virun allem awer géife si de Choix ënnerstëtzen, deen d'Frae sollen hunn.

E Gebuertshaus misst e kloere juristesche Kader hunn, mee et fuerdert een och eng Ouverture ze maache fir Fraen déi doheem wéilten accouchéieren oder an der Praxis bei der Hiewan, oder éirens anescht.

No jorelaangem Schaffen an Zesummenaarbecht mat allen Autoritéiten hätten d'Hiewannen zu Lëtzebuerg am Joer 2019 nei Attributioune krut déi an engem Règlement grand-ducal festgehale sinn an et wier och eng nei Nomenclature mat der CNS ausgeschafft ginn, sou nach d'Presidentin vun der Hiewammevereenegung Nadine Barthel. D'Gebuert ausserhalb vun der Klinik wier also elo och tarifflech kloer gereegelt.

Weider Detailer an der Tarificatioun klären

D'Presidentin vun der ALSF weist sech zefridden iwwer dës Entwécklungen, et hätt een elo gutt Attributiounen déi eng Schwangerschaftsbegleedung, en Accouchement an déi Zäit duerno beinhalten. Fir d'Gebuerte baussent dem Spidol hätt een awer nach weider Revendicatiounen. Et sollt zum Beispill e weideren Tariff fir Materialkäschten agefouert ginn a wann eng zweet Hiewan fir d'Gebuert néideg wier, misst dee Fall an der Tarificatioun och virgesi sinn.

"Well d'Gesondheetsministesch geet och oft drop an dass d'Sécherheet soll garantéiert si fir eng Gebuert an ebe grad do ass eng Presenz vun enger zweeter Hiewan wichteg."

D'Zuel vun de liberalen Hiewannen ass iwwerdeems an de leschte Joren eropgaangen, 2012 goufen et 14 liberal Hiewannen, haut, zéng Joer duerno, sinn et der 50. Et géifen och méi Fraen op d'Offer vun enger ausserklinescher Gebuert zeréckgräifen. 2021 goufen et insgesamt 13, dëst Joer waren et der scho 15 an de Méint Januar bis Juli. Wa Lëtzebuerg bis en eegent Gebuertshaus huet, kéint déi Zuel nach an d'Luucht goen. Am Moment ginn ongeféier zwou Fraen de Mount bis an dat nooste Gebuertshaus op Mäerzeg fir ze accouchéieren.