Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Associatioun vun den Hiewanen: Schockéiert an traureg

No Decisioun fir Maternité zouzemaachen

Associatioun vun den Hiewanen: Schockéiert an traureg

Keng Gebuerte méi am Centre Hospitalier du Nord (CHDN): Déi Nouvelle koum och fir d'Hiewanen aus der Ettelbrécker Maternité iwwerraschend. Et wier een de Sonndeg den Owend iwwer d'Medië gewuer ginn, datt d'Ettelbrécker Maternité provisoresch géif hir Dieren zoumaachen, sou d'Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes an engem Communiqué.

auto_stories

2 min

Et wéisst een aktuell weder wéi laang d'Maternité zu Ettelbréck zou wier, nach wat an deenen nächste Wochen, respektiv Méint mat den Hiewanen an de Patienten aus der Ettelbrécker Maternité soll geschéien, sou d'Nadine Barthel, d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hiewanen. Et wier ee schockéiert an traureg, et wier en ongewëss wéi et elo fir d'Hiewanen aus der Ettelbrécker Maternité, mee och aus anere Maternitée géif viru goen.

"Am Moment huet keen e Choix, d'Leit hunn net méi de Choix wouhinner se accouchéiere ginn, well si mussen aus hirer Maternité eraus, an d'Hiewanen déi zu Ettelbréck schaffen hunn net de Choix wouhinner se elo ginn. An déi aner Hiewanen déi d'Aarbecht elo mussen opfänken hunn och kee Choix."

Vereengegung vun den Hiewanen: D'Offer misst iwwerduecht ginn

Generell misst d'Offer fir Gebuertshëllef hei am Land iwwerduecht ginn. Déi meescht Schwangerschaften an Accouchementer géifen ouni héije Risiko verlafen heescht et weider am Communiqué vun der ALSF. Eng Propos fir d'Zukunft wier zum Beispill dass Schwangerschafte mat geréngem Risiko vun Hiewanen a Gebuertshaiser betreit géinge ginn a just Schwangerschaften a Gebuerte mat héijem Risiko a spezialiséierte Strukture géife begleet ginn, esou d'Presidentin vun der ALSF, Nadine Barthel.

D'Hiewane-Vereenegung géif sech zanter Joren dofir asetzen, seet d'Nadine Barthel: "Nei Attributiounen an eng nei Nomenclature, bréngen e konstanten Zouwuess un neie liberalen Hiewanen a ginn de Fraen de Choix zeréck vu wiem a wou si wëlle begleet ginn, fir hir Schwangerschaft, fir d'Gebuert, awer och fir déi éischt Zäit als Famill." D'Associatioun begréisst d'Perspektiv op Gebuertshaiser, dofir bräicht et awer nach Ännerungen u verschiddene Gesetzer.