Eischt Reaktioun op militäresch Attack Asselborn: Wladimir Putin "wëll de Westen terroriséieren"

De Lëtzebuerger Ausseminister condamnéiert d'Attacke vu Russland géint d'Ukrain. De Wladimir Putin wéilt seng Weltuerdnung duerchsetzen an déi hätt näischt mat de Prinzippie vun engem Rechtsstaat ze dinn.

tt

Jean Asselborn

Eischt Reaktioune vum Lëtzebuerger Ausseminister iwwer den Ukrain-Konflikt

Fir de Jean Asselborn ass et "net ze gleewen", datt "erëm Krich an Europa" ass: dat war seng éischt Reaktioun op d'Militäraktioun an der Ukrain, déi de Wladimir Putin um fréien Donneschdeg Moie géint 4 Auer Lëtzebuerger Zäit lancéiert huet.

"Ech menge wat e [de Wladimir Putin] wëll maachen ass de Westen terroriséieren, e wëll seng Weltuerdnung duerchsetzen."

Déi Weltuerdnung hätt näischt mat de Prinzippie vun engem Rechtsstaat ze dinn oder mam internationale Recht:

"Hien ass entweder vu Sënnen oder total an d'Haut vun engem Diktatur geklomm, deen de Weltfridde mat Féiss rennt."

De Lëtzebuerger Ausseminister huet awer och d'Hoffnung, datt dem Putin seng Aktiounen net vum eegene Vollek gedroe gëtt an do eng Reaktioun kënnt.

D'NATO-Ambassadeure wieren haut vun 8:30 un zesummen an d'EU wëllt den Owend nach iwwer en zweete Jet vu Sanktioune schwätzen, esou nach de Jean Asselborn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen