Onrouen zu Washington Jean Asselborn: "Trump gehéiert virun d'Strofgeriicht"
Den Ausseminister seet, datt den Donald Trump ee politeschen Brandstëfter wier an sech dofir misst viru Geriicht verantworten. An der Nuecht haten Trump-Supporter de Kapitol zu Washington gestiermt.

Jean Asselborn iwwer d'Onrouen zu Washington
"Den Donald Trump ass e Verbriecher, e politeschen Brandstëfter a gehéiert virun e Strofgeriicht". Dat ass d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn op d'Evenementer vun Washington. Den Trump hätt an de leschten véier Joer näischt vun engem Demokrat gehat a géif déi eegen Verfassung violéieren, keng Gerichtsurteeler respektéieren a Walresultater ignoréieren.
De Stuerm op de Kapitol wier eppes wéi een " 9/11 op d'Demokratie tout court. Et sinn net déi puer Idioten, déi an den Kapitol agedroen sinn, déi responsabel sinn, mee den Trump mat Deeler vun der republikanescher Partei", esou de Jean Asselborn weider.