Nom tragesche Fligeraccident am Iran muss den Iran op Transparenz setzen, an et muss eng Enquête gemaach ginn, sou de Jean Asselborn am 100,7-Interview.
D'EU kéint ee Prozess lancéieren, wéi deen, deen tëschent 1973 an 1975 wärend der Konferenz fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa geféiert gouf, fir eng Léisung am Ost-West-Konflikt ze fannen. "D'EU kéint sech abréngen, fir datt sech d'Länner um Golf mat den USA a Russland un een Dësch setzen", sou de Jean Asselborn. Et kéint op deem Wee versicht ginn, de Konflikt um diplomatesche Wee ze léisen. "Dat ass an där Regioun immens schwéier, mee ech mengen, datt mir als Europäer do kéinten eisen Apport ginn."
Den Irak sech net selwer iwwerloossen
De Lëtzebuerger Ausseminister huet sech och dogéint ausgeschwat, datt de Westen sech aus dem Irak zeréckzitt. Dat wier eng vun deene wichtegste Konditiounen dofir, datt den "Irak net den Theater vun deene militäreschen Ausenanersetzunge gëtt, ënnersträicht de Jean Asselborn.
"Et ass un eis als EU oder als NATO mat ze hëllefen dono ze kucken, datt Sécherheetskräften am Irak ausgebilt ginn, fir d'Stabilitéit vum Irak kënnen ze garantéieren".
Um Atom-Accord mam Iran festhalen
De Lëtzebuerger Chefdiplomat ass iwwerdeems dofir, datt d'EU um Atom-Accord mam Iran festhält. "Et geet drëm, datt den Iran net dierf Atomwaffe kréien."
D'EU hätt 13 Joer gebraucht, fir den Accord op d'Been ze setzen. Elo sollt dat net "futti gemaach ginn".
"Mir mussen dem Iran kloer soen, datt si net op de Wee vun enger Uran-Uräicherung kënne goen".
Op d'Fro, ob d'EU, nodeems den Iran annoncéiert hat, sech net wieder un d'Konditiounen ze halen, hir Positioun ännere sollt, sot de Jean Asselborn: "Et gëtt am Accord ee Mechanismus, deen ageschalt gëtt, wann d'Bedéngungen net erfëllt ginn." Wier datt de Fall, géif de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen ageschalt ginn.
D'iranesch Aussepolitik an och déi vun de Mënscherechter wier "katastrophal", sou de Jean Asselborn. Den Atom-Deal wier awer e Mëttel gewiescht, fir an deem spezielle Beräich Afloss ze huelen op déi iranesch Politik an ze verhënneren, datt d'Land eng Atombomm huet.
Libyen: d'EU soll net eleng d'Konsequenzen droen
Wat d'Situatioun a Libyen ugeet misst ee verhënneren, datt Russland an d'Tierkei iwwer de Kapp vun den Europäer ewech Solutioune fannen, bei deene "mir herno als Europäer d'Erausfuerderunge vun der Migratioun droe mussen".
Hei misst d'EU kloer maachen, datt dës Problemer net eleng op hire Schëllere kënnen ausgedroe ginn.