Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass kontrolléierte Wuesstem iwwerhaapt méiglech?

Landesplanung

Ass kontrolléierte Wuesstem iwwerhaapt méiglech?

100.000 Awunner méi bannent siwe Joer, nei Aarbechtsplazen, d'Wunnengsnout, Stauen an den Drock op d'Natur sinn d'Konsequenze vum Wuesstem. Kann een esou eng rasant Entwécklung iwwerhaapt steieren? De Retard, deen um Niveau vun den Infrastrukturen an deene leschte Joerzéngten entstanen ass, kréie mir net méi an de Grëff, seet de Frank Vansteenkiste, Coordinateur général am Landesplanungsministère.

auto_stories

4 min

Francis Schartz a Frank Vansteenkiste

De Wuesstem wier an de leschten dräi bis véier Joer méi héich gewiescht, wéi an de Jore virdrun. "Dat wat mir am gaange sinn ze bauen, den Tram, d'Gare périphériques, den Ausbau vum Schinnereseau, dat geet esou just duer fir dem aktuelle Wuesstem eng Äntwert ze ginn, mä net fir de Retard opzehuelen", seet de Frank Vansteenkiste.

"An den nächste Joren investéiert de Staat massiv an den Ausbau vun den Transportinfrastrukturen an et ass een un de Limitte vu senge Kapassitéiten ukomm", seet de Coordinateur général am Landesplanungsministère.

Wéi ee Wuesstem fir de Grand-Duché?

D'Politik misst sech d'Fro stellen, wéi ee Lëtzebuerg a wéi ee Wuesstem ee wéilt, sou de President vum Nohaltegkeetsrot Francis Schartz. Den Nohaltegkeetsrot fënnt, datt d'Schafe vun de sektorielle Pläng ee wichtegt Element an der Landesplanung ass. "Mir hunn ee klengen Terrain zur Verfügung a mir musse kucken, datt mir mat där Evolutioun eens ginn, déi d'Land erlieft, ob ee se gutt fënnt oder net", seet de Francis Schartz. Wéinst der Gemengenautonomie kéint een net alles plangen, et misst ee sech awer en Zil ginn a kucken, wat ee wou kéint organiséieren.

Keng gréisser Iwwerraschungen an de sektorielle Pläng

D'Prozedur vun de sektorielle Pläng fir den Transport, de Logement, de Landschaftsschutz an d'Aktivitéitszone gëtt nom Akraafttriede vum Landesplanungsgesetz offiziell lancéiert.

De Ministère huet an deene Pläng d'Avise vun de Gemenge respektéiert. Déi grouss Wunnengsbauprojeten, déi an der éischter Versioun virgesi waren, an déi d'Gemenge kontestéiert hunn, goufen erausgeholl. Aner Propose vun de lokalen Autoritéite goufe par konter dran integréiert. An deene sektorielle Pläng fënnt een och Projeten op den Industriebroochen, eppes wat an der éischter Versioun vun de sektorielle Pläng net gemaacht gouf.

Spekulatioun op Terraine verhënneren

Well déi sektoriell Pläng awer zënter véier Joer bekannt sinn, stellt sech d'Fro a wéi wäit et Spekulatioun op deenen Terraine gouf.

Déi sektoriell Pläng ginn eréischt zum Schluss vun der Prozedur verbindlech. Wann d'Pläng bis deponéiert goufen, kënnen d'Bierger an d'Gemenge während enger Consultatiounsphas vun dräi Méint hiren Avis ofginn. Dono ginn déi sektoriell Pläng nach eng Kéier iwwerschafft. Wéi wëllt den Nohaltegkeetsministère d'Spekulatioun op deenen Terraine verhënneren?

"Do wou ee reelle Risk vu Spekulatioun, op Grond vun de sektorielle Pläng kënnt, kann den Nohaltegkeetsminister iwwert een Arrêté ministériel punktuell provisoresch Servitude festleeën", seet de Frank Vansteenkiste. Domat kéint een dem Proprietär verbidde fir een Terrain weider ze verkafen oder e Bebauungsprojet ze plangen.

Programme directeur vun der Landesplanung

Dee Programme directeur soll déi regional Entwécklung vum Land beschreiwen an d'Prinzipië festleeën, déi an der Landesplanung solle respektéiert ginn. Dee Programme directeur gëtt an engem partizipative Prozess, mat der Hëllef vu Bierger ausgeschafft. Den Nohaltegkeetsrot hofft, datt d'Conclusiounen déi an deene regionale Laboratoirë gezu ginn och zréckbehale ginn, seet de Francis Schartz. "Ech hoffe ganz staark, datt dat wat d'Leit an deene Laboratoirë soen och eescht geholl gëtt an datt dat och ëmgesat gëtt." Sou Diskussioune mam Bierger géif net ëmmer Rechnung gedroe ginn. "Dofir plädéiere mir, datt de Bierger hir Suergen an hir Iddien an deem neie Programme directeur een Néierschlag fannen."

D'Verwaltungsgeriicht huet d'Landesplanung beaflosst

An engem Uerteel iwwert d'Ëmklasséiere vun engem Terrain zu Walfer, huet d'Verwaltungsgeriicht engem Proprietär Recht ginn op eng Indemnitéit, wëll d'Gemeng säin Terrain aus dem Bauperimeter erausgeholl hat. D'Geriicht huet dat Ëmklasséieren als eng Zort Expropriatioun bezeechent. Et misst ee sech iwwerleeën, wéi ee mat deem Uerteel ëmgeet, seet de Frank Vansteenkiste. Op där enger Säit kréich de Proprietär eng Indemnitéit, wann den Terrain ofgewäert géif ginn. "Wann den Ausbau vum Bauperimeter, de Wäert vun engem Terrain verzéngfacht, da gëtt einfach Merci gesot, an et gëtt keng Ofgab gefrot, wéi dat zum Beispill an der Schwäiz de Fall ass", seet de Frank Vansteenkiste.

National Tax op Terrainen, déi net bebaut ginn

D'Gemengen hunn d'Méiglechkeet eng Tax op Terrainen z'applizéieren, déi net bebaut ginn. Dat gëtt awer seele gemaach, dofir misst ee sou eng Taxe um nationale Plang festleeën, seet de Francis Schartz. "Wann een de Gemengen déi Decisioun iwwerléisst, dann ass et fir d'Gemengepappe schwiereg, fir esou Decisiounen ze huelen." Et misst eng uniform Regelung bestoen, déi fir all d'Gemenge géif gëllen.